D'Ursaach vum Feier ass nach onbekannt, ma et ass eleng beim Materialschued bliwwen, dat seet de Youri De Smet, Buergermeeschter vu Bartreng: "Dat, wat extreem wichteg ass, ass, dass hei elo kengem eppes geschitt ass, dass kee blesséiert ginn ass. Dat grenzt scho bal un e Wonner an de Rescht, ech mengen, de materielle Schued, dee wäert no an no ersat ginn. Mir si frou, dass et just beim materielle Schued bliwwen ass."
E Wonner, well d'Feier matten an der Nuecht ausgebrach ass. "D'Leit goufen aus dem Schlof gerappt," seet de Youri De Smet. Dorënner waren och Kanner, déi dono nach hu misste richteg gekleet ginn, well se mol keng Zäit haten, Schong unzedoen.
Just d'Appartementer op der rietser Säit vun der ganzer Residenz ware betraff. Déi aner Residenten am Gebai goufe fir en éischten Ament och evakuéiert, konnten dono awer erëm zeréck an hir Wunnengen.
Déi concernéiert Awunner goufen an de Centre Atert zu Bartreng bruecht, d'Kanner zum Deel an eng Maison relais, dass si sech do bei anere Kanner kéinte vum Schock erhuelen. Den Dag drop kruten d'Leit, déi net bei Famill oder Frënn konnten ënnerkommen, en Hotelszëmmer, ier si erëm zréck an hir Wunnenge konnten.
All d'Appartementer goufe vun engem Expert gekuckt. De Youri De Smet erkläert: "D'Brandwunneng selwer, déi ass wierklech a kengem gudden Zoustand, an och déi Wunneng ënnendrënner, déi ass och zimmlech impaktéiert ginn. Fir de Rescht vun de Wunnengen ass et ok, et ass de Geroch natierlech, et muss nach vill gelëft ginn. Mee dat si minimal Schied, déi do entstane sinn, notamment d'Balconen, déi elo impaktéiert gi sinn, do muss een elo an den nächste Woche kucken, dass do déi Aarbechten ufänken."