An den Ermëttlungen zum Doud vum Antonio Perrotta, deen no enger Ausernanersetzung virun enger Diskothéik an der italieenescher Provënz Cosenza ëm d'Liewe komm war, ginn et elo nei Erkenntnesser. Zwee Bridder aus Lëtzebuerg stinn ënnert dem Verdacht, um déidleche Virfall bedeelegt ze sinn. Ee vun hinne spillt fir d'Lëtzebuerger Rugby-Nationalekipp.
Déi zwee Männer goufen antëscht vun engem Untersuchungsriichter vum Geriicht zu Paola gehéiert, wéi den italieenesche Sender Cosenza mellt. Ee vun de Bridder huet d'Froe vum Riichter beäntwert an dobäi seng Siicht vum Geschéien erkläert. Deen aneren huet vu sengem Recht, keng Ausso ze maachen, Gebrauch gemaach.
Wéi déi italieenesch Medie mellen, wieren déi zwee Bridder an d'Diskothéik "Il Castello" mat e puer anere Persounen iwwert eng zweet Entrée ouni Ticket eragaangen. Sou wéi d'Defense erkläert huet, hätt ee Sécherheetsbeamte si trotzdeem all eragelooss. Wéi si da bei de Comptoire wollte goen, wieren dann awer aner Membere vun der Security bei si komm an hätt si opgefuerdert, d'Etablissement ze verloossen. Vun deem Zäitpunkt u gouf den Oflaf ënnerschiddlech erzielt.
Der Versioun vun engem vun de Bridder no, iwwert déi Quicosenza.it an de Corriere della Calabria geschriwwen hunn, soll dëse selwer e Schlag mat der Fauscht op den Hannerkapp kritt hunn, wéi hie bei d'Sortie begleet gouf. Doropshin hätt sech d'Situatioun weider zougespëtzt, wéi den Antonio Perrotta gestouss gi wier. Duerno soll säi Brudder, de Lëtzebuerger Rugby-Nationalspiller, d'Affer mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen hunn, tëscht d'Nues an de Kënn. Béid Bridder sollen duerno d'Plaz verlooss hunn. Sou wäit d'Duerstellung vun der Defense.
Den Ermëttler leien donieft Opname vun der Videoiwwerwaachung vir. Dem Corriere della Calabria no géing een am Haftbefeel vu Beweegungen aus, déi "op eng Kläpperei hindeiten". De Berichter vun der Dageszeitung no soll d'Security Schwieregkeete gehat hunn, béid Männer auserneenzebréngen, och baussent dem Sécherheetsberäich vun der Disko.
De Parquet geet dovun aus, datt den Antonio Perrotta uerg an d'Gesiicht geschloe gouf, éier hie mam Kapp op de Buedem gefall wier. De genauen Oflaf vun der déidlecher Zeen misst nach vun den Ermëttler gekläert ginn. Cosenza Channel huet dann nach betount, datt déi jeeweileg Rolle vun de Bridder separat missten ënnersicht ginn, jee nodeems, wéi eng Doten hinnen zougeschriwwe kéinte ginn.
Nom Virfall war den Antonio Perrotta fir d'éischt op der Plaz versuergt ginn, éier hien an d'Spidol op Cetraro bruecht gouf. Säin Zoustand hat sech duerno weider verschlechtert, wouropshin hie mam Helikopter an d'Spidol Annunziata zu Cosenza bruecht gouf. Do ass hien no enger Operatioun u senge Blessure gestuerwen.
D'Autopsie, déi en Donneschdeg gemaach gouf, huet erginn, datt e schwéiert Schädeltrauma virleie géif, sou mellt et Quicosenza.it. Weider Ënnersichunge sollen elo dat geneet Ausmooss vun de Blessuren an den Zesummenhang mat sengem Doud klären. Den definitive geriichtsmedezinesche Bericht soll bannent 60 Deeg virgeluecht ginn.
Déi zwee Bridder haten den Ermëttler no Fligertickete bei sech, wéi si festgeholl goufen. D'Defense huet allerdéngs ofgestridden, datt si aus Italien wollte flüchten. Quicosenza.it no hat ee vun de Bridder schonn de 27. Juli dräi Fligertickete fir een Depart de 17. August kaaft, dorënner zwee fir seng Elteren. Deen aneren hat säin eegenen Ticket den 1. August kaaft.
Fir hiren Affekot weisen dës Ëmstänn, datt d'Rees scho virun dem Virfall geplangt war an eng Fluchtgefor dowéinst kéint ausgeschloss ginn. Den Untersuchungsriichter muss elo iwwer d'Confirmatioun vun de Moossnamen decidéieren, déi géint d'Bridder gehollholl goufen. Aktuell gëllt fir si weiderhin d'Onscholdsvermuddung an déi genee Ëmstänn vum Doud vum Antonio Perrotta mussen nach vun der italieenescher Justiz gekläert ginn.