
En Donneschdeg am fréien Owend, koum et zu Boxer an der Gemeng Wëntger zu engem gréissere Brand op engem Feld. Wéi RTL confirméiert krut, waren d'Pompjeeën op der Plaz an haten de Brand relativ séier am Grëff. Dëst krute mir kuer no hallwer 7 en Donneschdeg den Owend vu Leit op der Plaz confirméiert. Och op enger Wieder-Kamera zu Ëlwen vu Kachelmannwetter war de Brand kloer ze gesinn.
Um kuerz virun 19 Auer koum dunn d'Informatioun, dass d'Feier op der Plaz aus wier. Baueren aus der Géigend hate sech zesummegedoen an hu Waasser an déi grouss Piff-Reservoiren op hiren Traktere gefëllt an an e grousse Baseng op der Plaz ëmgefëllt. Heirauser hunn d'Pompjeeën dann och hiert Läschwaasser benotzt, fir de Brand schlussendlech ënner Kontroll ze kréien.
Wéi mer vun der Police matgedeelt kruten, hätt de CGDIS och de Police-Helikopter geruff gehat, dee kuerz iwwert d'Plaz vum Brand geflu war, fir sech en Iwwerbléck ze maachen. Dräi Hektar Land hate gebrant. Scho géint 18:35 Auer war de Brand ënner Kontroll, d'Feier war um kuerz virun 19 Auer aus.