Zanter Wochen ass Lëtzebuerg net nëmme mat enger Hëtzt, mee och mat enger Dréchent konfrontéiert, wéi et se seele virdru gouf. Dat huet natierlech och een Impakt op d'Drénkwaasserreserven. Virun deem Hannergrond ruffen d'Gemenge queesch uechter d'Land hir Bierger op, fir Waasser ze spueren. Am Parc Housen geet d'Gemeng iwwerdeems mat guddem Beispill vir.
Wien och nëmmen e bëssi mat oppenen Aen duerch d'Natur leeft, dee gesäit, datt et u Waasser feelt. Do mécht och de Parc Housen keng Ausnam. Ma zanter kuerzem gesäit een direkt hannert dem syntheetesche Futtballsterrain eppes, dat een op den éischte Bléck vläicht fir een iwwerdimensionéiert Sprangschlass hale kéint, mee wat a Wierklechkeet eng Waasserpochette ass. Dës ka mat bis zu 1.200 Meterkibb Waasser gefëllt ginn. Dat Waasser kënnt aus zwou Quellen: eng Kéier Reewaasser, dat an der Lescht awer rar geséint ass, an och aus der direkter Noperschaft.
De Romain Wester, Buergermeeschter vun der Gemeng Parc Housen, erkläert: "An deenen nächsten Deeg wäert d'Schwämm hir Dieren eng Kéier zoumaachen, fir eng ronn 10 Deeg, wou d'Maintenance wäert gemaach ginn a wou 1.200 Meterkibb aus där Schwämm dann hei an de Schlauch lafe gelooss ginn. An dann hu mir am Fong eng Sécherheet, datt mir bis an déi naass Period, also spéiden Hierscht, Ufank Wanter, mat där Poschette hei, mat deem Waasser kënnen nätzen."
Genätzt ginn d'Futtballsterrainen direkt niewendrun, normalerweis, also wann net grad fir d'Tëlee gefilmt gëtt, geschitt dat awer an der Nuecht. D'Waasser aus der Pochette kann am Brandfall awer och vun de Pompjeeë genotzt ginn. Ouni d'Pochette géing d'Waasser, aus deem de Chlor iwwregens erausgefiltert gëtt, an d'Our geleet ginn. De Pilotprojet huet ronn 200.000 Euro kascht, woubäi eng 175.000 Euro vum Staat iwwerholl goufen. Datt d'Situatioun fir d'Natur generell net evident ass, gesäit een zu Béiwen beim Stauséi, wou d'Béiwener Baach fir d'zweet no 2022 deels ganz ausgedréchent ass.
D'Brigitte Lambert, Chef d'Unité beim Waasserwirtschaftsamt, huet d'Detailer:"Et ass sou, datt d'Baachen an d'Flëss immens ënner Drock stinn. Mir Mënschen hu säit Joerzéngte schonn an den natierleche Kreeslaf agegraff, andeems mer d'Baache begradegt hunn, kanaliséiert hunn an domadder am Fong manner widderstandsfäeg gemaach hunn. Dat heescht, dee Stress, deem eis Baache schonn am normalen ausgesat sinn, dee gëtt lo natierlech nach verstäerkt, duerch d'Wiederkonditiounen, déi mer dëse Summer hunn, héich Temperaturen an eng Dréchent, déi wierklech laang unhält."
Wat d'Waasserspueren ugeet, dozou kéint am Fong jiddereen duerch zimmlech einfach Geste bäidroen.
"Sou kann ee sech virstellen, datt eng kuerz Dusch mat engem Spuerduschkapp ronn zwee Sixpack Waasser verbraucht, géigeniwwer vun enger hierkëmmlecher Dusch vu ronn 8 Sixpack Waasser. Wann een a Richtung Toilettespülung geet, brauch dat am Fong keng Drénkwaasserqualitéit, et kann een och Reewaasser huelen, et kann een opbereete Grondwaasser huelen an domadder am Fong nach den Equivalent vu 4 Sixpack Drénkwaasser ersetzen duerch Waasser vun enger anerer Hierkonft."
Ma och d'Betriber, de Staat an eben d'Gemenge kéinten hiren Deel zum Waasserspuere bäidroen. Bei ganz innovative Fuerschungsprojeten iwwerhëlt de Staat esouguer 100 Prozent vun de Käschten.