Evakuatioune mat SchlauchbooterE Lëtzebuerger temoignéiert iwwert d'Bränn a Griicheland

François Aulner
De Lëtzebuerger Miseler Mil Frisch lieft zu Nea Irakleia am Nordoste vu Griicheland, net wäit vun der Hallefinsel Kassandra, wou aktuell e gréissere Brand aktiv ass.
© Mil Frisch/Kosta

Mir hate hien dëse Freideg um Telefon: "Mir hu gëschter deen Damp gesinn, déi schwaarz Wolleken", sou de Mil Frisch. Well hien an der "Schneis" vum Fluchhafe vun Thessaloniki wunnt, hätt hien déi lescht Deeg och d'Läschfliiger an Helikopteren am Dauerasaz erlieft.

Mil Frisch iwwert d'Wolleken iwwer Griicheland

De Mil Frisch kennt och eng vun den 300 Persounen, déi an der Géigend vu Siviri hu missen evakuéiert ginn. D'Duechter vu sengem Kolleeg Kosta hätt virum Summer en Haus zu Fourka kaf an hätt misse mat Schlauchbooter op Thessaloniki evakuéiert ginn. Vum Haus wiere just nach déi véier Maueren iwwereg.

Evakuatioune mat Schlauchbooter

Trotz de Bränn wier d'Stëmmung "eigentlech net schlecht", seet den Emile Frisch iwwerraschend. Allerdéngs géinge vill Leit sech doriwwer opreegen, datt net genuch Pompjeeën do wieren oder se ze laang bräichten, fir op d'Plaz ze kommen. A sengem Duerf wier d'lescht Joer am Januar en Haus verbrannt, dat nach géing stoen, wann d'Pompjeeën net 45 Minutte gebraucht hätten. A sengem Duerf hätt just ee jonke Bauer en Tank vu 500 Liter hannen op sengem Pick-up. Domadder kéint een eng Wiss netzen, mee kee Feier läschen, sou de Mil Frisch.

Back to Top
CIM LOGO