Bei der Drénkwaasserversuergung huet sech d'Situatioun zanter Enn Juli, ugangs August liicht entspaant. "Mir hunn am Moment eng liicht Entspanung vun der Situatioun, well de Congé collectif ugefaangen huet an et Summervakanz ass", erkläert de Marc Hans, Direkter vum Waasserwirtschaftsamt. Well d'Schoule Vakanz hunn, vill Leit am Ausland sinn an och op de Chantiere manner geschafft gëtt, ass de Verbrauch zeréckgaangen. Entwarnung wëll de Marc Hans awer keng ginn. Nom Enn vun der Vakanz klëmmt de Verbrauch nees. Sollt bis dohinner kee reegelméissege Reen falen, kéint sech d'Situatioun erëm verschäerfen.
Beim Drénkwaasser muss tëscht Uewerflächen- a Grondwaasser ënnerscheet ginn. E groussen Deel vum Uewerflächewaasser kënnt aus dem Stauséi a gëtt vum SEBES (Syndicat des eaux du barrage d'Esch-sur-Sûre) opbereet. Generell kann ee soen, datt 60 Prozent vun eiser Drénkwaasserversuergung duerch Uewerflächewaasser a 40% duerch Grondwaasser garantéiert gëtt. Dëst Joer hunn och d'Quelle vum ville Reen am Wanter an ugangs vum Fréijoer fir d'Opfëlle vum Grondwaasser profitéiert, obwuel och hei bei verschiddenen d'Debiten elo erofginn.
De Stauséi läit aktuell op engem Niveau vu ronn 316,5 Meter iwwer dem Mieresspigel. Dat entsprécht engem Volume vu ronn 42 Millioune Kubikmeter Waasser. Domat ass en nach bal féier Meter iwwer dem déifsten Niveau, dee bis elo (2011) gemooss gouf.
"De Stauséi ass fir dës Zäit ganz komfortabel gefëllt (...) Mir si relativ gutt an de Summer erakomm. Am Mäerz an Abrëll huet et zäitweis nach gereent an och am belschen Deel si gréisser Schliet erofkomm, wat et dem Stauséi erlaabt huet, op 319,5 Meter ze klammen. Am Fong de Maximum", seet de Christian Schroeder, stellvertriedenden Direkter vum SEBES.
Den Niveau geet aktuell ëm ronn sechs Zentimeter den Dag erof. Grënn dofir sinn d'Produktioun vun Drénkwaasser an de Mindestoflaf, deen ënnerhalb vun der Staumauer garantéiert muss ginn. Normalerweis ass de Mount August e rouege beim SEBES. Generell ginn hei 60.000 Kubikmeter Drénkwaasser den Dag wärend dëser Period produzéiert. Aktuell klëmmt de Produktiounsvolumen awer op 75.000 Kubikmeter. Eschduerf huet eng maximal Kapazitéit vun 110.000 Kubikmeter den Dag. Zousätzlech kéinte bei Bedarf Grondwaasseranlagen aktivéiert ginn.
Vill méi kritesch ass d'Situatioun a Fléissgewässer ewéi Baachen a Flëss. De Manktem u Reen mécht sech do ëmmer méi bemierkbar. Am Norde ginn deelweis Wäerter erreecht, déi bis ewell nach net observéiert goufen. Schonn elo leien d'Waasserniveauen do an engem Beräich, deen um Héichpunkt (Schluss vum Summer) vun der Dréchent 2022 festgestallt ginn ass.
"D'Situatioun ass schonn deelweis dramatesch", ënnersträicht de Marc Hans vum Waasserwirtschaftsamt. Niddreg Waasserstänn loossen d'Waassertemperatur klammen an de Sauerstoffgehalt falen. Gläichzäiteg ginn d'Schadstoffer manner verdënnt. Fir Fësch, Insekten an aner Waasserorganisme kann dat liewensgeféierlech ginn. Dréchnen eenzel Abschnitter komplett aus, ginn och hir Wanderweeër ënnerbrach.
Fir d'Flëss an d'Baache kéint reegelméissege Reen relativ séier eng Verbesserung bréngen. Beim Grondwaasser dauert dat méi laang. Fir d'éischt muss de Buedem genuch befiicht ginn, éier Waasser an déi ënnerierdesch Reserven duerchsickere kann. Entscheedend sinn dofir net eenzel hefteg Schaueren, mee Nidderschléi iwwer eng méi laang Period. E Prozess, dee bis zu zwee Méint dauere kann.
Bleift och den Hierscht dréchen, kéint dat d'Ausgangssituatioun fir den nächste Summer verschlechteren. Laangfristeg setzt d'Waasserwirtschaftsamt dofir op dräi Pilieren: manner Verbrauch, e bessere Schutz vum Grondwaasser an nei Ressourcen. Eng méiglech zousätzlech Drénkwaasserquell ass d'Musel, där hiert Waasser an Zukunft kéint opbereet an als Drénkwaasser genotzt ginn.
Déi national Vigilance-Phas bleift bestoen. Sollt sech d'Situatioun lokal verschäerfen, kënnen d'Gemengen net essenziell Notzunge vu Waasser per Reglement aschränken. Eng rout Phas, an där et national Aschränkunge ginn, gouf et zu Lëtzebuerg bis elo nach net.