Garde-côteOp d'mannst 5 Doudeger a 87 Vermësster no Schëffsongléck op de Philippinnen

AFP, iwwersat vun RTL
Bei engem Schëffsongléck an enger bei Touriste beléifter Géigend op de Philippinnen si lokalen Autoritéiten no op d'mannst 5 Persounen ëmkomm.
Op d'mannst 5 Doudeger a 87 Vermësster no Schëffsongléck op de Philippinnen
Bei engem Schëffsongléck an enger bei Touriste beléifter Géigend op de Philippinnen si lokalen Autoritéiten no op d'mannst 5 Persounen ëmkomm.

Wéi d'philippinnesch Garde-côte en Donneschdeg matdeelt, gi 87 Persounen no engem Fär-Ongléck vermësst. E Feier war e Mëttwoch den Owend op der "June Aster" net wäit vun der Provënz Palawan ausgebrach. Op Videoen, déi vun hinne verëffentlecht gouf, gesäit een, wéi d'Schëff komplett a Flame steet.

Dem Uertungsdéngscht Marinetraffic no war d'Fär vu Manila aus gestart a war gutt zwee Kilometer vun der Küst ewech, wéi et zum Ongléck koum. 134 Persoune waren deen Ament offiziell u Bord.

Ënnert deene Leit, déi konnte gerett ginn, sinn 38 Passagéier a 4 Membere vun der Besatzung. Déi 5 Doudesaffer, déi ee fonnt hätt, wieren u Land bruecht ginn.

Bis an déi fréi Moiesstonnen huet et gedauert, bis de Brand geläscht war. Wéi genee et zum Feier komm ass, gëtt nach ermëttelt.

Fir d'Philippinnen, mat hire méi wéi 7.000 Inselen, si Schëffer eng vun den Haaptverkéiersmëttelen. Well et awer u Sécherheetsstandarde feelt an d'Revisioune vun de Schëffer net agehale ginn, kënnt et dacks zu Onglécker op Séi.

Back to Top
CIM LOGO