Falls Republikaner no Midterms Majoritéit am Kongress halenUS-President Trump versprécht all US-Bierger 5.000 Dollar

AFP, iwwersat vun RTL
Um Parteidag vun de Republikaner huet den US-President Trump mat kämpferesche Wierder zu Stëmme fir seng Partei opgeruff.
US-Präsident Trump hat beim Parteitag seiner regierenden Republikaner mit kämpferischen Worten um seine Wählerbasis geworben - und sich dabei ins Zentrum der bevorstehenden Kongresswahl gerückt. "Ich bitte euch, so zu tun, als stünde ich auf dem Stimmzettel", sagte er in Dallas.
Den US-President Trump wärend senger Ried um republikanesche Parteidag zu Dallas, Texas.
© AFP

"Ech bieden iech, esou ze maachen, wéi wann ech um Stëmmziedel stoe géing", esou den Trump bei senger Ried zu Dallas am Bundesstaat Texas. Donieft huet hien och den - bei ville republikanesche Wieler onbeléiften - Iran-Krich verdeedegt.

De Parteidag vun de Republikaner ass eng éischte Kéier virun de sougenannte Midterms am November, ofgehale ginn. Zil vum Parteidag, deen zwee Deeg dauert, ass et, ondecidéiert Wieler knapp zwee Méint virun den Tëschewale vum Trump senge Succèsen z'iwwerzeegen. Dozou zielen de Republikaner no seng streng Expulsiounspolitik a Steiererliichterungen.

Bei senger Ried huet den US-President e "grousse Sprong no vir" versprach. Sollten d'Republikaner d'Kontroll iwwert de Kongress halen, soll all US-Bierger iwwerdeems eng "Trump-Dividende" vu 5.000 US-Dollar kréien, wat ronn 4.300 Euro entsprécht. Am Fall vun enger Néierlag huet den Donald Trump virum Néiergang vun den USA gewarnt: "Well wa mer verléieren, verléiert dir är Grenz, verléiert dir är Steierbaissen, verléiert dir är Sécherheet a Gebuergenheet."

Bei den Hallefzäit-Walen am November dreet de Republikaner eng Néierlag. Meenungsfuerscher no kéint d'Regierungspartei hir Majoritéit am Representantenhaus verléieren. D'Demokrate kéinte vill Projete vum President blockéieren a souguer eng drëtt Impeachment-Prozedur, fir e vu sengem Amt z'enthiewen, an d'Weeër leeden. Vill republikanesch Wielerinnen a Wieler sinn onzefridden iwwert den Iran-Krich, dee virun allem d'Spritpräisser an deene leschte sechs Méint massiv an d'Héicht gedriwwen huet.

Den Trump wäert och en Donneschdeg nees eng Ried halen, och gëtt sech eng vu sengem Vize, dem JD Vance erwaart.

Back to Top
CIM LOGO