Ënner liberianeschem Fändel25 Doudeger no Brand op Cargoschëff a chineeseschem Hafen

RTL mat AFP
En Donneschdeg huet e grousst Cargoschëff an engem chineeseschen Hafe gebrannt. 25 Persounen u Bord hunn de Virfall net iwwerlieft.
This screengrab from video taken on September 10, 2026 and provided by Qingdao WoLin Packaging shows smoke rising from a cargo ship at a port in Qingdao in eastern China.
Op Videoen ass Damp ze gesinn, deen aus dem Cargoschëff "Ocean Melody" erauskomm ass.
© Qingdao WoLin Packaging/AFP

En Donneschdeg si beim grousse Brand vun engem Cargoschëff an engem chineeseschen Hafen op d'mannst 25 Mënschen ëm d'Liewe komm. D'Schëff mam Numm "Ocean Melody", dat am Schëffsverkéiersknuet Qingdao ugeluecht war, hat 42 Persounen u Bord, wéi d'Feier ausgebrach war, heescht et vun der staatlecher Tëleeschaîne CCTV.

17 Persoune konnten evakuéiert ginn, wouvun der fënnef verwonnt goufen. Bis en Donneschdegowend wieren awer "all 25 Vermësster fonnt ginn, vun deene keen nach Liewenszeeche gewisen huet", huet CCTV bericht.

Déi staatlech Noriichtenagence Xinhua hat virdru behaapt, datt d'Feier géint 11:15 Auer ausgebrach war, wéi d'Schëff grad wéinst Reparaturaarbechten am Hafe stoung. Dobäi gouf awer keng Brandursaach genannt. Géint 14:30 Auer wieren d'Läschaarbechten ofgeschloss gewiescht.

En Zeien aus enger Cité nieft dem Hafen huet der AFP géigeniwwer gesot, hien hätt den Damp, deen aus dem Schëff komm war, zoufälleg gesinn, et wier awer kee Feier ze gesi gewiescht an et hätt weder eng Explosioun ginn, nach hätt een eppes gericht.

D'"Ocean Melody" ass en 190 Meter laangt Cargoschëff, dat ënnert liberianeschem Fändel fiert.

Back to Top
CIM LOGO