GroussbritannienOpreegung ëm Spende vu Krypto-Milliardären u "Reform UK"

RTL Lëtzebuerg
Mat de Spenden stellt sech d'Fro vun der Onofhängegkeet vun der Partei.
Den Nigel Farage ass de Parteichef vu "Reform UK".
© JUSTIN TALLIS/AFP

A Groussbritannien iwwerschloe sech Krypto-Milliardären, fir der rietspopulistescher Partei "Reform UK" riseg Montanten u Suen ze spenden. Nodeems erauskomm ass, datt e Britt, dee mat Kryptowärungen zu Geld komm ass, der Partei ëmgerechent ronn 42 Milliounen Euro wëll ginn, huet e Samschdeg de Mëtteg nach en zweete Milliardär annoncéiert, dat selwecht wëllen ze maachen. Déi éischt Spend war schonn déi gréissten, déi eng politesch Partei a Groussbritannien bis ewell kritt huet.

Domat stellt sech natierlech d‘Fro vun der Onofhängegkeet, sollt d‘Partei eng Kéier Regierungsverantwortung kréien.

D'Partei vum Nigel Farage ass dann och an de leschten Wochen scho wéinst presuméierte Spendeskandaler opgefall. D'Police enquêtéiert aktuell wéinst dem Verdacht, datt probéiert gouf, Spenden aus dem Ausland ze verstoppen. Donieft leeft eng parlamentaresch Enquête géint de Farage, nodeems hien 2024 e Geldgeschenk vu knapp 6 Milliounen Euro kritt, ma net deklaréiert huet.

Back to Top
CIM LOGO