
An der Haaptstad Kiew ass der Militärverwaltung no duerch Ugrëff ee Feier an enger Lagerhal ausgebrach. Dobäi wier ee Mënsch gestuerwen an eng Rei aner Leit wiere blesséiert ginn.
Ugrëff goufen ënnert anerem och aus dem südukrainesche Saporischschja gemellt. An engem Dronenugrëff wier ee Mann ëm d'Liewe komm a véier aner Leit wiere blesséiert ginn, heescht et vun der Militärverwaltung an der Regioun.
Eréischt e Freideg ware bei engem duebelen Dronenugrëff op een Akafszenter an der Stad Krywyj Rih den aktuellsten Zuele vun den Autoritéiten no op d'mannst 16 Mënschen ëm d'Liewe komm. Bei dem Ugrëff am Dag sinn iwwerdeems och eng 120 Mënsche blesséiert ginn. Krywyj Rih ass dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj seng Heemechtsstad.
Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul ass iwwerdeems e Samschdeg fir Gespréicher an d'Ukrain gereest. Am Zentrum vun de Gespréicher géif nieft der Wantersécherung ausserdeem och d'militäresch Ënnerstëtzung "am Kader vun de brutale russeschen Ugrëff op d'zivil Infrastruktur" stoen.