Vun der WHODéi éischt 16.000 Ebola-Impfdosisse sinn am Kongo ukomm

AFP
Am Kampf géint déi schwéier Epidemie huet d'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) déi éischt Dausenden Dose vum Impfstoff Ervebo un déi Demokratesch Republik Kongo geliwwert.
Im Kampf gegen gegen die folgenschwere Ebola-Epidemie in der Demokratischen Republik Kongo hat das zentralafrikanische Land die ersten 16.000 Dosen des Impfstoffs Ervebo erhalten.
Den Ebola-Ausbroch am Kongo war de 15. Mee offiziell festgestallt ginn.
© AFP/Archiv

Alles an allem soll d'Land 70.000 Impfdosisse kréien. De Vaccin ass fir e limitéierten Asaz bei ganz vulnerabele Leit a fir Tester virgesinn. Bis ewell ass net gewosst, ob den Impfstoff och géint d'Variant wierkt, déi am Kongo zirkuléiert.

Den Ebola-Ausbroch am Kongo war de 15. Mee offiziell festgestallt ginn, ma warscheinlech ass de Virus deen Ament scho wochelaang zirkuléiert. D'Epidemie betrëfft virun allem eng Rei Provënzen am Norden an am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo, wou déi medezinesch Versuergung no jorelaange Konflikter staark limitéiert ass. E Freideg hat d'UNO matgedeelt, datt scho méi wéi 2.500 Mënschen an dem zentralafrikanesche Land un Ebola gestuerwe sinn.

Back to Top
CIM LOGO