
Thailand huet ee méi haart Virgoe géint "problematesch Auslänner" annoncéiert. "Auslännesch Touristen oder Aarbechter, déi géint d'Gesetz verstoussen, mussen d'Land verloossen", sou den Tourismusminister Surasak Phancharoenworakul zu de verschäerfte Reegelen am Ëmgang mat Auslänner, déi zanter e Freideg gëllen. Domat wëllt d'Regierung géint Auslänner virgoen, déi d'ëffentlech Uerdnung stéieren, sou de Minister weider.
Déi nei Reegele sollen déi "kulturell Wäerter" vun Thailand schützen. Deemno sollen d'Autoritéite vum südostasiatesche Land an Zukunft all Auslänner expulséiere kënnen, déi d'Durée vun hirer Openthaltsdauer iwwerzéien, illegal schaffen, eng Entreprise ouni offiziell Erlabnis féieren, Dokumenter fälschen oder aner Strofdote beginn, fir déi et op d'mannst fënnef Joer Prisong gëtt. Bis ewell waren Expulsiounen ëmmer individuell gepréift ginn.
Am Mee haten déi thailännesch Autoritéiten d'Deeg ouni Visum fir Touristen aus de meeschte Länner vu 60 op 30 reduzéiert. Begrënnt gi war déi Decisioun mam Kampf géint d'Kriminalitéit. Dovu sinn och Touristen aus der EU betraff. Thailand geet dëst Joer vu ronn 30 Milliounen auslännesche Visiteuren aus. D'Reesbranche mécht 13 Prozent vum PIB vum Land aus.