Haut ass et den Tour vum CSV-President Luc Frieden. Hien huet eis Journalistin Annick Goerens matgeholl an de Kyosk bei der Coque. Well den CSV-Parteipresident och Premier ass, fänkt d'Gespréich deemno ganz politesch un. Déi lescht Woch war ganz Lëtzebuerg am Damp vun engem Feier an der Belsch gefaangen. Iwwerall uechter Europa brennt et. An ëmmer méi dacks erliewe mer extreem Wiederphenomener: Canicullen, Dréchent, massiv Nidderschléi. De Klimawandel ass eng Realitéit an net eréischt zanter dësem Summer, seet de Luc Frieden.
"Dofir mengen ech, muss jiddweree säi Bäitrag leeschten, fir op eng responsabel, nohalteg Aart a Weis ze liewen an ze schaffen. Dat ass d'Aufgab vun den eenzele Leit, an deem se och méi erneierbar Energie gebrauchen. Dat ass, datt se vläicht iwwerleeën, wou a wéi se reesen. Dat ass natierlech eng Aufgab vun de Betriber an do sinn der vill amgaangen, sech ëmzestellen op eng méi nohalteg Aart a Weis, fir ze produzéieren. An et ass vum Staat, fir d'Leit ze encouragéieren, mat op deem Wee ze goen. [...] Dat ass e schwieregen Equiliber an enger Gesellschaft, well mir hunn eis un e gewëssene Confort gewinnt, un e gewëssene Liewensstil an dee lues a lues ze adaptéieren. Ech mengen, dat ass dee Wee, dee mer musse goen."
Beim Logement gouf de Premier méi konkret. Wann hie just eng eenzeg Mesure misst erauspicken, da wier et virun allem, dass d'Prozedure musse méi séier ginn.
"Et dauert einfach ze laang tëscht deem Moment, wou een e Projet huet, an deen Dag, wou e realiséiert gëtt. Dofir huet d'Regierung eng ganz Rei Moossname geholl. Déi sinn ënnerwee, ëmgesat ze ginn, an ech drécken drop, datt dat méi schnell nach geet an der Gesetzgebungsprozedur."
Eng Ännerung vum Indexsystem ass dogéint fir dës Legislaturperiod vum Dësch. "D'CSV huet an hirem Walprogramm gesot, datt mir net géifen den Indexsystem änneren. Ech fügen derbäi, datt de Koalitiounspartner, d'DP, dat selwecht gesot huet an duerfir steet dat net am Koalitiounsaccord an duerfir wäert eng Ännerung vum Indexsystem an dëser Legislaturperiod net gemaach ginn."
Esou wäit, esou politesch. Mee duerno gouf d'Gespréich méi perséinlech. De Luc Frieden war schonn an der Vakanz. An de Bierger, fir ze hiken, wéi hien erkläert. Natierlech ëmmer mam Handy am Rucksak. Kann een als Premier iwwerhaapt richteg ofschalten?
"Nee... an ech brauch dat och net. Ech konnt dat och e wéineg virdrun, mä elo als Premier nach manner. Dat huet natierlech och domat ze doen, datt een duerch den Handy an den E-Mail permanent erreechbar ass. Mä dat berouegt mech och. Wann een an d'Vakanz geet, datt ee weess, datt een à tout moment kann erreecht ginn. Ech ruffen och deenen anere Kolleegen un, datt een ëmmer weess, wat leeft."
Fir de Schluss hu mer de CSV-Parteipresident nach gefrot, wat hien am léifsten nach wéilt léieren.
"Ech mengen, datt ech an der Geschicht nach géif gäre méi léieren. Well alles, wat mer haut erliewen, ass ëmmer e Resultat vu geschichtlechen Entwécklungen, déi eng Influenz huet op d'Zukunft. A wann een d'Geschicht kennt, da kann een d'Zukunft besser matgestalten."
Deementspriechend ass et dann och déi passenste Conclusioun vun dësem Summerinterview: e Premier, dee gär an d'Bierger geet, säin Handy awer och an der Vakanz u léisst – an dee léiwer an d'Geschicht kuckt, fir d'Zukunft ze verstoen.
Wat de Luc Frieden a senger Vakanz esou liest an a wien am Pétanques-Match gewonnen huet - d'Journalistin oder de Premier: dofir musst der de ganze Video kucken. Hei awer scho mol ee klengen Teaser: