Evakuéierungen an international SolidaritéitSüdeuropa steet weider a Flamen

Ryck Thill
Experte warnen, datt extrem Dréchent, Hëtztwellen a staarke Wand dozou féieren, datt an Zukunft ëmmer méi Bëschbränn gläichzäiteg entstinn.
Südeuropa steet weider a Flamen
Experte warnen, datt extrem Dréchent, Hëtztwellen a staarke Wand dozou féieren, datt an Zukunft ëmmer méi Bëschbränn gläichzäiteg entstinn.

Déi grouss Bëschbränn a Südeuropa sinn nach ëmmer net ënner Kontroll. A Frankräich huet sech d'Feier bei Bordeaux e Mëttwoch nees weider ausgebreet, nodeems d'Situatioun en Dënschdeg kuerzfristeg ënner Kontroll geschéngt huet. A Spuenien konnten zwar ronn 24.000 Awunner bei Madrid an hir Haiser zeréck, am Oste vum Land brennt et awer nach ëmmer op villen Plazen.

Tëscht Bordeaux an der Atlantikküst sinn zanter Deeg méi wéi 2.000 Pompjeeën am Asaz. Temperaturen ëm déi 40 Grad an e staarke Wand maachen d'Läschaarbechten extrem schwiereg. Ënnerstëtzt ginn d'Secouriste vu ville Fräiwëllegen aus der Regioun. Si bréngen Tankween, Waasser a schwéier Maschinnen op d'Plaz.

De Franck Babin, Chef vun enger Bauentreprise, erzielt, datt hien nom Tëleesreportage net konnt doheem bleiwen. Hien hätt direkt e Kolleeg kontaktéiert, si hätte sech en Tankwon vun engem Bauer ausgeléint, mat Waasser gefëllt a wiere lass gefuer fir ze hëllefen.

Dausenden Touristen hu wéinst de Bëschbränn hir Vakanz missen ofbriechen. D'Campingen an der Gironde goufen evakuéiert.

Net nëmme Frankräich ass betraff. Och Spuenien erlieft dëst Joer eng vun de schlëmmste Bëschbrand-Saisonen. Verschidden Dierfer goufe komplett zerstéiert. Déi éischt Awunner däerfen elo zréck an dat, wat vun hiren Haiser nach iwwereg bliwwen ass.

D'Bränn beschäftegen de Moment ganz Europa. Am europäesche Krisenzentrum zu Bréissel ginn ënner anerem Läschfligeren, Helikopteren a Pompjeeën tëscht de Memberstaate koordinéiert. Méi wéi zéng Länner hëllefen de Moment gläichzäiteg bei de Läschaarbechten.

An och Lëtzebuerg schéckt lo Hëllef a Frankräich. Am Kader vun enger europäescher Zesummenaarbecht vun der Protection Civile huet d'Regierung decidéiert, ee Läschfliger deen zu der Flott vu Fliger vun der Cargolux Filial Aquarius gehéiert, an déi franséisch Gironde ze schécken . Och 15 Pompjeeë vum CGDIS schléisse sech enger Unitéit vun der Moselle un, fir de Pompjeeën op der Plaz mënschlech a logistesch ze hëllefen.

Experte warnen, datt extrem Dréchent, Hëtztwellen a staarke Wand dozou féieren, datt an Zukunft ëmmer méi Bëschbränn gläichzäiteg entstinn. Si fuerderen dofir, vill méi an d'Preventioun ze investéieren an net nëmmen an d'Brandbekämpfung.

Back to Top
CIM LOGO