
Lëtzebuerg schéckt e Läschfliger an déi franséisch Gironde. Dat am Kader vum europäeschen ziville Protektiounsmechanismus. Dëst ass e Fliger vun der Firma Aquarius Aerial Firefighting, enger Duechterfirma vun der Cargolux. D'Maschinn dierft e Mëttwoch den Owend op der Plaz ukommen a soll en Donneschdeg schonn an den Asaz goen, sot de Premier Luc Frieden am RTL-Interview. An enger Noutsituatioun wier Solidaritéit mat sengen Noperen eppes ganz Wichteges.
D'Kapazitéit vum Grand-Duché fir d'Bekämpfe vu Feier aus der Loft sinn traditionell jo éischter limitéiert. D'Läschfligere vun der Cargolux-Duechter Aquarius Aerial Firefighting sti bei der tierkescher Regierung ënner Kontrakt. En Deel dovunner ass elo schonn bei de Bëschbränn am Asaz. De Fliger, deen d'Lëtzebuerger Regierung elo zousätzlech schéckt, wier eng nei Maschinn, déi nach net ënner Kontrakt ass. Lëtzebuerg huet dee Läschfliger elo punktuell bei der Filial vun der Cargolux geléint, fir ronn 300.000 Euro.
Donieft fueren en Donneschdeg 15 Pompjeeën vum CGDIS mat engem Corps aus der Moselle an d'Katastrophegebitt. Si sollen d'franséisch Pompjeeën a Priori eng Woch laang ënnerstëtzen.
Bis elo hätt Lëtzebuerg kee Besoin gehat, fir permanent e Läschfliger hei am Land stationéiert ze hunn, sou nach de Luc Frieden. Fir déi nächst Jore misst ee sech awer Gedanke maachen, wéi de Grand-Duché sech nach besser opstelle kéint, och en vue vu Bëschbränn. Hien hätt den Inneminister Léon Gloden an deem Sënn och chargéiert, fir mam CGDIS ze kucken, wat Sënn mécht.
An der Gironde kämpfen d‘Pompjeeë weider intensiv géint d‘Bëschbränn. Wéinst der Dréchent an dem Wand, ass de Risiko héich, datt d‘Feier sech erëm weider ausbreet, respektiv plazeweis erëm opflaamt.