Krich am IranTrump dréit dem Iran mat neien Attacken, Teheran warnt US-Alliéiert

RTL mat AFP
Aktuell gesäit et no enger neier Eskalatioun am Noen Osten aus.
Grad ass eng iranesch Dron gestart
De Start vun enger iranescher Dron.
© -/AFP

Den Iran warnt seng Nopeschlänner virdrun, weider mat den USA zesummenzeschaffen. Wa si dat weider maache géingen, kéinte si nees d'Zil vun Attacke ginn. Dat dierft eng Reaktioun op déi rezent Annonce vum US-President Donald Trump sinn, datt een den Iran haart treffe wéilt. Een Zäitplang huet den Trump awer net genannt. D'USA hunn eng Partie Militärbasen an der Golfregioun, déi an deene leschte Wochen a Méint ëmmer nees vum Iran ugegraff goufen.

Am Iran-Krich stinn d'Zeechen op eng weider Eskalatioun: Den US-President Donald Trump huet Teheran mat weideren heftegen Attacke menacéiert. "Mir wäerte si ganz haart ugoen", sot den Trump an enger Sëtzung vu sengem Cabinet am Camp David iwwer den Iran. Dat iranescht Militär hat e Samschdeg d'Alliéiert vu Washington gewarnt, virun de "Flame vum Krich". D'US-Ambassade aus ville betraffene Regiounen hunn Leit mat amerikaneschem Pass opgeruff, doriwwer nozedenken, fir d'Regioun ze verloossen.

Zeeche stinn nees op Eskalatioun

Den Donald Trump hat weider iwwer d'Féierung vum Iran gesot, dat déi och iergendwann wäerte mierken, datt si et einfach net méi aushalen. De "Wall Street Journal" mellt a sech dobäi op Vertrieder vun der US-Regierung berifft, huet den Donald Trump eng nei Attack ordonéiert, déi als Zil soll hunn, datt Teheran opgëtt. Dës kéint schonn de Weekend ufänken. Dem US-Sender CBS News no plangen d'USA an Israel Attacken op iranesch Pëtrolsraffinerien a Kraaftwierker. Den US-President hätt dofir awer nach net säin Ok ginn.

Déi iranesch Arméi huet den USA virgeworf, "séier de Wee vun der Eskalatioun vun de Spannungen am regionale Krich" gewielt ze hunn. "All Land, dat dem verbriechereschen an aggressiven Amerika als Schutzschëld déngt, wäert vun de Flame vum Krich erfaasst ginn", esou den Generol Ali Abdollahi op der iranescher Tëlee.

D'US-Vertriedungen am Irak, Israel a Jordanien hunn virun dësen Hannergrënn virun enger Eskalatioun gewarnt. D'US-Bierger misste sech op Ausfäll vu Flich, gespaarte Loftraim a Limitatioune beim Reesen astellen. A Jordanien solle si net ze no un Base vun der US-Arméi kommen, déi rezent vun iranesche Rakéiten attackéiert goufen. An Israel goufe se opgefuerdert, fir Schutzraim ze sichen.

No enger Paus vun e puer Deeg haten d'USA an den Iran sech dës Woch nees ugegraff. An der Nuecht op e Samschdeg goufen awer keng nei Attacke méi gemellt.

Strooss vun Hormus am Mëttelpunkt vum Krich

Un der Küst vum Oman gouf en Tanker vun engem "onbekannte Geschoss" getraff, dat mellt déi brittesch Autoritéit fir Schëfffaart. D'Schëff mellt Schied am Maschinneraum. Wie fir d'Attack eng 23 Kilometer nërdlech vu Lima am Golf vum Oman zoustänneg ass, ass nach net kloer.

D'Strooss vun Hormus, déi tëscht de Küste vum Oman an dem Irak läit, ass den zentrale Sträitpunkt vun dësem Krich. Den Iran besteet drop, datt d'Schëffer eng Route huelen, déi si hinne virginn an dann och Taxe fir den Transit bezuelen. No enger Entspanung, déi awer net laang gehalen hat, hat Teheran d'Route, déi fir den Handel mat Pëtrol a Flësseggas wichteg ass, rezent nees zougemaach. D'USA hunn als Reaktioun déi iranesch Häfe blockéiert.

En Donneschdeg haten d'USA den Iran no enger Paus vu bla enger Woch nees mat Attacken iwwerzunn. Iranesch Rakéite goufen doropshin a Richtung Jordanien geschoss. De Kuwait mellt eng Attack op e Gebai vun enger chineesescher Firma. An Ägypten hat eng Dron en Tanker, de Flësseggas gelueden hat, getraff an e Brand ausgeléist. Kairo hat bis ewell kee fir dës Attack responsabel gemaach.

De Krich hat den 28. Februar mat Attacke vun den USA an Israel op den Iran ugefaangen. Teheran hat zanterhier mat Attacke mat Dronen a Rakéiten op Ziler an der Regioun reagéiert. E Kaderaccord, dee Mëtt Juni ënnerschriwwe gouf, hat net zum Fridden, deen u sech ugestrieft war, gefouert. Zanter Mëtt Juli hunn d'USA nees mat Attacken ugefaangen.

Back to Top
CIM LOGO