
Am Sträit ëm d'Schied um Waasserbaseng vum "Reflecting Pool" zu Washington huet de Parquet elo de Prozess géint de fréieren US-Olympionik David Hearn agestallt. Nei Erkenntnisser "ënnergruewen d'Beweisgrondlag fir d'Uklo" esou de Procureure Jeanine Pirro e Freideg. Déi vum Trump iwwerstierzt ordonéiert Renovéierungsaarbechte wieren deemno "verpfuscht" ginn.
Den Hearn war am Juni festgeholl ginn, well hien de Waasserbaseng am Juni muttwëlleg beschiedegt hätt. Hie gouf vun engem Bundesgeriicht wéinst schwéierer Saachbeschiedegung ugeklot. Dem 67 Joer ale fréien Athlet hätten domat bis zu 10 Joer Prisong gedreet.
Den Hearn war dem 19. Juni bei engem Besuch beim Reflecting Pool festgeholl ginn, deen net wäit vum Washington Obelisk an dem Lincoln Memorial ass. Hie wier wären enger Vëlostour beim Waasserbaseng stoebliwwen, fir sech dem Trump seng Renovéierungsaarbechte selwer unzekucken, sot hien US-Medien no senger Festnam.
D'Procureure hat him opgrond vun Zeienaussoen allerdéngs déi express Beschiedegung vun ëffentlechem Besetz virgeworf. Dem Hearn säin Affekot huet dem Trump dogéint virgeworf, onschëlleg Bierger zum "Sündenbock" fir verpfuschte Renovéierungsaarbechten ze maachen.
Den Trump hat de Baseng a Renovéierungen nei usträiche gelooss, ma scho kuerz drop ass d'Faarf schonn nees ofgebliedert. Den Trump huet dofir "Vandalen" verantwortlech gemaach. Zanterdeem nees Waasser am Baseng ass, ass e vun Alge befall. Fir géint d'Alge virzegoen, goufe Chemikalien an d'Waasser geschott. Déi kéinten den Experten no dozou féieren, datt d'Faarf ofbliedert.
US-Medien no huet d'Renovéierung virum 250. Anniversaire vun den USA ronn 14 Milliounen Dollar kascht. Den Optrag goung un een Entrepreneur, dee mam Trump befrënnt ass, dat ouni ëffentlech Ausschreiwung. Déi nämmlecht Firma soll d'Schied elo flécken.