Duerch Wand begënschtegt51 Bëschbränn bannent 24 Stonnen a Griicheland ausgebrach, neit Feier och am Weste vun der Tierkei

AFP
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
A Griicheland si bannent 24 Stonnen 51 nei Bëschbränn ausgebrach an duerch de Wand weider begënschtegt ginn.
In Griechenland sind neue Waldbrände ausgebrochen und von Wind angefacht worden. Die Feuerwehr gab an, im Verlauf von 24 Stunden hätten sich 51 neue Feuer gebildet. Auch in der Westtürkei brach bei hohen Temperaturen und Wind ein neuer Waldbrand aus.
Bëschbrand a Griicheland
© AFP

Dat mellen d'Pompjeeë vun deenen et iwwerdeems och heescht, datt staark Wandstéiss d'Läschfligeren dorunner hënnere géifen, Waasser opzehuelen. A villen Deeler vum Land géif et en "immens héije" Risk vu Bëschbränn ginn. Betraff wieren ënner anerem d'Insel Kreta, d'Hallefinsel Peloponnes an d'Ägäisinsele Paros, Kalymnos an Andros.

Am Weste vun der Haaptstad Athen hunn d'Autoritéiten en temporären Evakuéierungsopruff fir en Deel vum Viruert Chaidari erausginn.

Och am Weste vun der Tierkei ass bei héijen Temperaturen a Wand en neie Bëschbrand ausgebrach. Pompjeeën hu géint d'Feier 200 Kilometer nordëstlech vun Izmir ugekämpft, ma och hei hätte staark Wandstéiss d'Läschaarbechte méi schwéier gemaach, esou den tierkesche Landwirtschaftsminister Ibrahim Yumakli. D'Wiedersituatioun soll wuel bis nächst Woch unhalen.

Zanter e Mëttwoch sinn an der Tierkei d'Pompjeeë wéinst 218 Bränn ausgeréckt, dovunner wieren der entretemps 213 "komplett ënner Kontroll", fënnef Feier géifen awer nach weider brennen.

Am Südweste vu Frankräich konnte bal 200.000 Leit no engem rezenten Evakuéierungsopruff nees zeréck an hir Wunnengen an Haiser, esou d'Autoritéiten aus der Gironde. Insgesamt waren déi lescht Deeg ronn 220.000 Leit opgeruff ginn, sech a Sécherheet ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO