Zwou Woche laang ass ëmmer eng lass 200 Kanner an der Spillstad Mini-Hesper

Diana Hoffmann
Leonie Nestler
No iwwer zéng Joer Paus ass Mini-Hesper zeréck. Zwou Woche laang hunn hei net déi Erwuessen d'Soen, mä d'Kanner.
200 Kanner an der Spillstad Mini-Hesper
No iwwer zéng Joer Paus ass Mini Hesper zeréck. Zwou Woche laang hunn hei net déi Erwuessen d'Soen, mä d'Kanner.

Kuerz virun 13:30 Auer ass d'Opreegung zu Hesper grouss. Virum Centre culturel Joseph Altmann waarden eng 200 Kanner tëscht 6 an 12 Joer. Deen éischten ass nämlech vir, fir de beschten Job ze kréien.

Ee vun deene beléiftste Beruffer ass dee vum Polizist, wou et aktuell vill ze di gëtt. "Véier Gangster hunn de Schlëssel vu Mini-Hesper an eng Këscht mat iwwer 1.000 Hesperly geklaut", erkläert den 9 Joer ale Raphael, deen d'Roll vum Polizist iwwerholl huet.

Wann et der Police gelénge sollt, d'Verbriecher ze fänken, komme se viru Geriicht. De Riichter erwaart se op alle Fall schonn: "D'Police wäert se dono heihi bréngen an dann decidéieren ech, ob se an de Prisong komme mat deenen aneren."

Mini-Hesper ass opgebaut ewéi eng kleng Stad. Déi am Schnëtt 300 Kanner pro Dag kréien e minimale Kader virginn. Dem pedagogesche Konzept no behale si awer och vill Fräiheeten. "An éischter Linn, dass d'Kanner léieren, dass si Entscheedungen treffen a mat deene liewen. Sief et positiver oder negativer", betount d'Jessica Schaal vum Service Kanner a Jonker vun der Hesper Gemeng. Doriwwer eraus solle se en Abléck an eng ganz Partie u Beruffer kréien, déi ee brauch, dass eng Gesellschaft funktionéiert.

No de leschte Walen ass d'Isabelle d'Buergermeeschtesch vun der Stad. D'lescht Woch war et d'Caroline. Déi zwee konnte sech och mat der richteger Hesper Buergermeeschtesch austauschen, déi am Nomëtteg op Besuch war. Rieds goung och iwwert d'Suerge vun de Bierger vu Mini-Hesper. "Vill gëtt iwwert d'Kioskpräisser gemeckert. Et wier ze deier", seet d’Mini-Hesper Buergermeeschtesch. Awer och, dass net genuch Iessen do wier. "Mir probéieren de Mënschen, déi hei liewen, ze hëllefen. Wa se eppes ze kritiséieren hunn, kënne se ons alles soen", ënnersträicht d'Caroline.

De Choix u Beruffer ass grouss. Deen een ass Schlässer ginn, fir en Abléck an de Beruff ze kréien. Deen aneren ass Journalist, a mécht Reportagen. Bei der Aarbecht gëtt dann awer net just en Handwierk geléiert, mee et ginn och Suen, also Hesperlyen, verdéngt. "10 Hesperlye pro Stonn", ënnersträicht de Paul. Domat kéint ee Saache kafen, déi produzéiert ginn. Oder et kéint een Iesse kafen, oder ebe spueren.

All Dag kommen dann och speziell Gäscht, fir en Abléck an hiren Alldag ze ginn. Nieft der Police och Mataarbechter vum CGDIS. Pompjee wëll hei nämlech bal jiddereen op d'mannst ee Mol sinn. Keen Asaz ass wéi deen aneren. "De Linus krut en Elektroschock an et war e Feier", seet dat 8 Joer alt Anna, dat zanter e puer Deeg Pompjee ass. Et hätt een awer d'Schläich ugeschloss an d'Feier läsche kënnen.

Fir den Erfolleg vu Mini-Hesper schaffe vill Leit am Hannergrond mat. Gemengebeamten, Pedagoge, Leit vu Baussen. Et ass eng kleng Stad, déi sech permanent weiderentwéckelt, vum wäisse Blat zu engem faarwege Gesamtbild.

Inspiréiert ass d'Iddi vu Mini-Hesper vu Mini-München. "Mir hunn eis och scho Gedanke gemaach, fir et nach méi grouss ze maachen. Um Site vun der Hesper Schoul ass nach Plaz", seet d'Buergermeeschtesch vun Hesper, d'Diane Adehm. Et kéint ee sech awer och virstellen, an Zukunft mat enger anerer Gemeng zesummenzeschaffen, fir nach méi Kanner an d'Spillstad ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO