
Véier Persoune goufe beim Accident tëscht Bous an Aassel blesséiert, deen e Sonndeg den Owend kuerz virun 18:40 Auer geschitt ass. Op der Plaz waren d'Rettungsservicer vu Réimech.
Wéi d'Police an der Mëttesstonn an hirem Bulletin mellt, ass den Accident bei engem Rond-point zu Bous geschitt. Eng Automobilistin huet hei d'Kontroll iwwert hiert Gefier verluer, wéi si an de Rond-point gefuer ass, ass op senger Insel gelant a géint eng Mauer op dëser gerannt.
Si an déi aner Passagéier vum Auto koume fir eng Kontroll an d'Spidol. D'Fuererin krut e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt, well si staark Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen huet.
E weidere Blesséierte gouf et an der Nuecht op e Méindeg, dat no enger Kollisioun vun zwee Gefierer bei der Dikrecher Esplanade. Kuerz no 1 Auer waren hei zwee Autoen anenee gerannt. D'Rettungsservicer aus der Nordstad waren am Asaz.
Dräi Pompjeescorpse waren e Sonndeg kuerz no 19 Auer zu Colmer-Bierg an der rue de Luxembourg am Asaz, well hei e Feier ausgebrach war. Weider Detailer ginn net genannt. Nieft de Pompjeeë vu Colmer-Bierg, Biissen an aus der Nordstad war och eng Ambulanz aus der Nordstad op der Plaz.