MeteoluxAlerte jaune wéinst der Hëtzt verlängert - gëllt vu muer u fir dat ganzt Land

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Mëttelmierraum bléist d'Hëtzt déi nächst Deeg eriwwer an eis Géigend, wat Donnéeë vun der nationaler Wiederagence Meteolux no och Auswierkungen op d'Temperaturen am Land huet.
© RTL Grafik

Den Thermometer klëmmt bis e Freideg nees un. Dowéinst huet Meteolux e Mëttwoch hir Warnung vun en Dënschdeg och verlängert an op dat ganzt Land ausgeweit. D'Alerte jaune gëllt elo vun e Mëttwoch 12 Auer bis e Freideg 7 Auer moies am Süde vum Land. Den Norde huet nach e bësse méi Zäit, ier déi nächst Hëtztwell op se duerrullt: hei gëllt d'Warnung eréischt vun en Donneschdeg 7 Auer un, a geet och bis e Freideg 7 Auer.

Konkret gi sech, no engem Maximum vu 34 Grad e Mëttwoch, fir en Donneschdeg Temperaturen tëscht 34 a 36 Grad erwaart. E Freideg sollen et souguer bis zu 37 Grad ginn. Vun e Samschdeg u soll et sech dann awer nees e bëssen ofkillen, dat mat méigleche Reeschaueren.

Back to Top
CIM LOGO