D'Mediatioun ass offiziell nach net ofgeschloss, d’AMMD huet awer schonn de leschte Weekend wëssegedoen, si wäert keng nei Konventioun mat der CNS ënnerschreiwen. Nodeems d'’Dokteschassociatioun déi aktuell Konventioun am Hierscht zejoert gekënnegt huet, gouf en neien Text verhandelt, mat deem d'AMMD sech awer net zefridde gëtt. Weder d'CNS nach d'Politik wiere bereet, fir gréisser Reformen, esou d'Kritik. D'Gesondheetsministesch Martine Deprez gesäit dat anescht.
De leschte Freiden huet d'Dokteschassociatioun hir Memberen an hirer Newsletter doriwwer informéiert, datt se sech net eens gi wär mat der CNS. Och d'Mediatioun wier gescheitert, heescht et. Déi zoustänneg Ministesch Martine Deprez seet sech iwwerrascht. "Well mir sinn nach ëmmer an der Mediatiounsprozedur ënnerwee, dat heescht, déi Madamm, déi chargéiert ass mat där Mediatioun, huet nach net ofgeschloss a si waart nach op e Retour vun den zwou Parteien."
Bis dësen Donneschden ass nach Zäit, dann ass Mediatioun ofgeschloss. D'Positioun vun der AMMD ass awer entretemps kloer. Si reprochéiert der CNS an och der CSV-DP-Regierung net bereet ze sinn, de Gesondheetssystem ze moderniséieren. Och no Echange mat der zoustänneger Ministesch a mam Premier Luc Frieden hätt een net ze verstoe kritt, datt keng Changementer dra sinn. Eng Kritik, déi d'Martine Deprez net wëll esou stoe loossen.
"Dat ass hir Appreciatioun. Déi Verhandlungen, déi si ugestrieft hunn, dat ware jo Verhandlungen iwwer d'Konventioun, an dat, wat se gären hätten, ass awer net am Kader vun der Konventioun ze léisen. Do ware mer an Aarbechtsgruppen ënnerwee, mir hu se zwee Mol mam Premier gesinn, mir hunn eis Projeten op den Dësch geluecht an déi leien nach ëmmer um Dësch. Eis Dier ass op a mir wäerte wëlle virun diskutéieren."
Enn Oktober leeft déi aktuell Konventioun aus. Vun deem Moment u gëtt dann alles, wat an där Konventioun festgehale gouf, iwwer ee Reglement Grand-Ducal gereegelt, deen nach muss redigéiert ginn. Fir de Patient ännert sech direkt näischt, mä "de konventionelle Kader ass méi flexibel. Dat heescht am konventionelle Kader kënnen Representante vun der AMMD mat der CNS verhandelen, kann umellen, datt se deen een oder aneren Artikel wëlle präziséiert hunn, anescht geschriwwen hunn. Do si mer elo manner flexibel, wa mer ee Reglement op de Wee ginn."
Fir d'AMMD ass dat op laang Dauer keng Léisung. Ouni Konventioun wier een an enger kompletter Staatsmedezin, gëtt den AMMD-President Chris Roller ze bedenken. D'CNS huet sech iwwerdeems bis ewell nach net ëffentlech geäussert.