Ministesch gëtt ErkläerungenManner Spidol, méi ambulant Strukturen: Versuergung méi no beim Patient

Annick Goerens
D’Santésministesch Martine Deprez huet e Mëttwoch de Moien op enger Pressekonferenz weider Erklärungen zum Projet vun den ambulante Cabinete ginn.
Dës nei Strukture mussen obligatoresch mat engem Spidol konventionéiert sinn a streng Qualitéits- a Planifikatiounsreegele respektéieren, sou d'Ministesch op enger Pressekonferenz e Mëttwoch.
© MISA

Nei ambulant Strukturen / Reportage Annick Goerens

Méi no, méi séier a méi effikass: Dat versprécht den neie Gesetzprojet 8760, mat deem d'Regierung de sougenannte "Virage ambulatoire" weider ausbaut. Nieft de Spidolsantenne kënnen an Zukunft och nei ambulant Cabineten entstoen, déi vu Medezinner selwer initiéiert ginn.

Nei ambulant Cabineten, ugebonnen un d'Spidol

An dësen neien ambulante Cabinete sollen an Zukunft ënner anerem kleng chirurgesch Agrëffer un den Aen oder un der Haut kënne gemaach ginn. An och Dialyse- oder Onkologie-Servicer sollen do ugebuede ginn.

Allerdéngs keng Imagerie médicale, wéi d'Ministesch Martine Deprez erkläert:

Elo mol an enger éischter Etapp net, well mer kee Konsens um Terrain haten, respektiv kee Besoin vun de Leit vum Terrain manifestéiert kruten. Mir hu jo vill Apparaten zousätzlech implantéiert. Dat heescht, Delaie sinn erofgaangen. De Mënsch eleng ka mat de Biller och net ee Parcours de soins kréien. An d'Acteure vum Terrain hu kee Besoin den Ament signaliséiert, fir dat nach weider auszebauen.

Dës nei Strukture mussen obligatoresch mat engem Spidol konventionéiert sinn a streng Qualitéits- a Planifikatiounsreegele respektéieren.

D'Ministesch weider:

Et ass fir de Garde-Plang wichteg. Dat heescht, och déi Doktere mussen am Garde-Plang matmaachen. Si mussen een Agrément mat engem Spidol hunn an och d'Struktur muss eng Konventioun mam Spidol hunn, well et ka jo mol eppes mam Patient Samschdes oder Sonndes geschéien, a wann de Patient dann an deem Spidol ukënnt, da muss dat Spidol een Accès op déi Donnéeën hunn an op den Dossier hunn, fir d'Sécherheet vum Patient. A fir d'Continuité des soins ass de Lien wierklech wichteg.

Ministesch weist Privatiséierungskritik zeréck

Dës Initiativ, fir esou Cabinete méiglech ze maachen, gouf an der Vergaangenheet och alt mol kritiséiert. De Gesondheetssystem kéint duerch d'Hannerdier privatiséiert ginn.

Dozou d'Martine Deprez:

An der Gesellschaft dierf kee Financier dra sinn. Do däerfe just Dokteren dra sinn. An Zwou-Klasse-Gesellschaft och net, well déi Sitten hei gi genau d'selwecht finanzéiert wéi d'Sitte vun de Spideeler, ënnerleien de selwechte Reegelen an et gëtt de selwechte Katalog vu Prestatiounen applizéiert.

Nei Kompetenz-Zentren ë.a. fir d'Endometrios a Long-Covid

Zil wier et einfach, d'Versuergung méi no beim Patient ze organiséieren an d'Spideeler ze entlaaschten. Nieft dësem Kärstéck gesäit de Gesetzesprojet och nei Kompetenz-Reseaue vir.

D'Santésministesch erkläert:

Do hu mer der véier ugeduecht. Long-Covid, do gëtt et schonn ee Reseau, mee t'ass kee Réseau de compétence, dofir wäerte mer deen elo sou opstellen. Dann hate mer elo d'Semaine de la santé de la femme an do ass et wierklech wichteg, dass d'Endometrios besser en charge geholl gëtt. Do wëlle mer ee Réseau de compétence opstellen. An dann alles, wat ëm d'Menopause dréint. All déi Poly-Pathologien, déi do kënnen opdauchen, fir déi och gebündelt all Expertis zesummenzekréien an engem Réseau de compétence. A last but not least, eis klengste Butzen. Den Taux vun den Troubles du neuro-développement ginn an d'Luucht, do wëlle mer och ee Réseau de compétence opstellen.

Dës Kompetenz-Zentre sinn eng Ulafstell, déi an engem Spidol solle konzentréiert ginn, wou dann all d'Expertis aus dem Land gebündelt gëtt, fir eng méi global Prise en charge ze garantéieren. Donieft kritt an Zukunft all Spidol d'Méiglechkeet, een Infektiolog anzestellen.

Back to Top
CIM LOGO