Amendementer um NaturschutzgesetzMaximalen Delai bei komplettem Dossier just nach sechs Méint

Michèle Sinner
Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet d'Amendementer um Naturschutzgesetz presentéiert, mat deenen d'Prozedure beschleunegt an de Prinzip vum "Silence vaut accord" am Ëmweltberäich sollen agefouert ginn.

"Silence vaut accord" fir Ëmwelt-Autorisatiounen / Rep. Michèle Sinner

Wou gëllt den neie Prinzip a wou net? De Serge Wilmes huet erkläert: "Fir erneierbar Energien an der Gréngzon, fir d'Destruktioun vu Biotopen, fir d'Konstruktioun vu Wunnengen an der Zone urbanisée an awer och fir d'Schafen a fir d'Restauratioun vu Biotopen an der Gréngzon. Do spillt dann an Zukunft de Silence vaut -Accord".

Ma e gëllt explizitt net an nationalen Naturschutzgebidder an an Natura 2000-Gebidder, huet de Minister erkläert. Am Idealfall sollen elo tëscht enger Demande beispillsweis bei der Natur a Bëschverwaltung (ANF) an der Autorisatioun sechs Méint vergoen. "Woubäi et dann agedeelt ass an dräi Méint, fir d'Administratioun kënnen ze préiwen, ob den Dossier komplett ass oder net, an dann dräi Méint, wou se Zäit huet, fir eng Decisioun ze huelen, fir d'Decisioun ze ginn. Dat sinn natierlech Maximaldelaien. Eng Verwaltung ka jo och méi séier wéi déi dote Méint eng Decisioun huelen."

Méiglecherweis, ma wa se net an deenen Delaien äntwert, datt gëllt als éischt den Dossier als komplett an recevabel. Respektiv als zweet, d'Autorisatioun als ginn. Seet d'Verwaltung zur Zäit Bescheed, well den Dossier net komplett ass, kritt de Requérant sechs Méint Zäit, fir d'Informatiounen nozereechen, dono lafen erëm d'Delaie vu jeeweils dräi Méint fir d'Verwaltung un, fir den Dossier ze préiwen, respektiv, fir ze decidéieren, woumat ee bei 15 Méint Prozedur wier. Do kënnen nach emol sechs Méint dobäi kommen, wann de Requérant, eng Verlängerung vu sengem Delai freet. Beispillsweis, well en eng Etude muss maachen loossen.

Dobäi ënnersträicht de Serge Wilmes: "De Ministère mat senge Verwaltungen a mat deenen Efforten, déi mer hei maachen, viséiert, datt mer net mussen op dee Punkt kommen, datt ee Silence-vaut-Accord soll spillen. Duerfir hu mir och riguréis Delaien definéiert." Déi Delaien halen d'Administratioune fir realistesch.

"Do ass ee wichtegt Element d'Digitaliséierung, well déi ganz Prozedur ass digitaliséiert. En zweet wichtegt Element ass, datt intern natierlech och Reforme gemaach gi sinn, fir vill Prozeduren ze standardiséieren an och dann am Moment ze harmoniséieren."

Sou ass et der ANF och gelongen, am éischten Trimester vun dësem Joer den Delai fir den Traitement vun Demanden am Verglach zum leschte Joer vun 200 op 110 Deeg erofzesetzen, esou d'Directrice adjointe Carmen Weisgerber.

"Do ass nach Sputt no uewen, musse mer zouginn. Awer trotzdeem hu mer déi ëm quasi d'Hallschent reduzéiert, wat trotzdeem mengen ech awer remarkabel ass bannent engem Joer."

Dat soll nach besser ginn, well mam neie Gesetz och kloer definéiert gëtt, wéi eng Dokumenter de verschiddenen Demandë musse bäileien, där et tëscht 3.000 a 4.000 d'Joer ginn. Ma firwat dann iwwerhaapt déi nei Delaien aféieren?

"Mir sinn elo do am Schnëtt bei 56% vun den Dossieren, déi ënner dräi Méint ofgeschafft sinn. Bei 78% vun den Dossieren, déi ënner sechs Méint ofgeschafft sinn. Sechs Méint ass dat, wat am Gesetz virgesinn ass, do bleiwen ëmmer 22% vun den Dossieren, déi driwwer leien. An dat ass do, wou da mussen immens Efforte gemaach ginn"

Eben, fir datt de Silence-vaut-Accord net spillt. Dat ass iwwregens och dem Minister seng Äntwert, wann een hie freet, ob ee keng juristesch Probleemer riskéiert, wann duerch dee Prinzip zwee d'nämmlecht gelagert Dossieren ënnerschiddlech traitéiert ginn: Am beschten et kënnt net dozou.

Back to Top
CIM LOGO