De Rettungshelikopter misst méi dacks an den Asaz kommen. Et wier heefeg déi effizientste Manéier, fir Leit am Noutfall sou séier wéi méiglech ze hëllefen, dat sot de President vun der Luxembourg Air Rescue René Closter en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Dat Wichtegst wier den "therapiefräien Intervall" sou kuerz wéi méiglech ze halen. Et misst ee sou séier wéi méiglech bei de Patient kommen, e stabiliséieren an en da sou séier wéi méiglech a sou schounend wéi méiglech an d’Spidol bréngen.
Air Rescue sicht weider neie Standuert am Éislek
Dofir wier et och net vu Muttwëll eng Statioun am Éislek opzemaachen. 70 Prozent vun de Flich géifen nämlech Richtung Norde goen. Zu Ettelbréck bei der Klinik wier ee "gedult", erkläert de René Closter, mä d'Situatioun wier net ideal, d'Spidol wéilt vergréisseren an déi Plaz vum Hangar ewech huelen. Dofir sicht een am Norden eng Plaz fir en neien Hangar. Mä bei de Gespréicher mam Inneministère a mam CGDIS wier een nach "kee Millimeter" weider komm.
Dat klengt no décker Loft beim Sujet Loftrettung? Nee, seet de President vum CGDIS Alain Becker, dee mir zu deem Sujet méi spéit en Donneschdeg virum RTL-Mikro haten.
Läschflich technesch méiglech, éischt Demanden aus der Groussregioun
Wat d'Läschen iwwert de Loftwee ugeet, esou huet de René Closter präziséiert, datt een technesch equipéiert wier, fir d'Helikoptere bei Läschaarbechten anzesetzen. Et hätt een där “Bambi buckets”, wou ronn 1.000 Liter Waasser dra passen. Technesch kéint een et maachen, mä den Training géif nach feelen, fir et och an der Praxis unzebidden. Aus dem Saarland, dem Rheinland-Pfalz an der Province de Luxembourg aus der Belsch wären Demanden do. De René Closter hofft, datt een den Asaz vu Läsch-Helikopteren d'nächst Joer kéint ubidden.
Hei am Land hätt de CGDIS bis ewell wéineg Interessi gewisen. Den Direkter vum CGDIS Paul Schroeder gesäit fir de Moment zu Lëtzebuerg nämlech nach kee Besoin:
Dat heescht awer net, datt déi Approche an Zukunft net eng Kéier kéint änneren, sou nach de Paul Schroeder.
Vun Organtransporter bis Frontex-Asätz
D'Air Rescue finanzéiert sech iwwer Membergelder, Donen, e Subsid vum Staat, awer och kommerziell Aktivitéiten, zum Beispill Rapatriementsvolle fir Assistance-Gesellschaften an Assurancen. Mam Staat verhandelt ee grad, fir méi Suen ze kréien. Et misst een awer och Sue verdéngen, ënnersträicht den Air Rescue-President. Sou bedreift een zum Beispill de Policehelikopter, en Helikopter fir Frontex op der Insel Lampedusa oder mécht all d'Organtransporter an der Loft a Frankräich. D'Käschte wieren déi lescht Jore reegelrecht explodéiert, de Präis vum Kerosin, awer och d'Entretiensstécker. D’Memberen hätten och Versteesdemech derfir, datt d’Cotisatiounen an d’Luucht gaange sinn. D’Memberszuele géife weider erop goen op momentan ronn 184.000.
Zanter 38 Joer am Déngscht vun der Loftrettung
Eng 200 Leit schaffen aktuell bei der Air Rescue, déi 1988 gegrënnt gouf. Enn des Joers wäert een 11 Helikoptere bedreiwen a 5 Ambulanzfligeren. De René Closter huet als Beruffspompjee virun 38 Joer d’Air Rescue gegrënnt. Aus dem operative Geschäft huet hie sech zréckgezunn, mä ass awer weider President. D’Aarbecht géif him nach ëmmer Freed maachen.
En Donneschdeg de Moie war d'Air Rescue Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.