Invité vun der Redaktioun (15. Juni) - Ben StreffÉischt Fraktiounssëtzung: "Et war e positive Sträit"

Annick Goerens
E Méindeg de Moie war d'LSAP-Fraktioun an der Chamber Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Ben Streff
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De Ben Streff ass zanter leschtem Dënschdeg offiziell neien Deputéierte vun der LSAP am Osten. Hie war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun an ersetzt d'Paulette Lenert, déi an de Staatsrot gewiesselt ass. Seng Entrée an d'Chamber kënnt knapp fënnef Méint nodeems hien als Parteimanager zeréckgetrueden ass an och net mat Kritik un der Partei an un eenzele fréiere Ministere gespuert hat. Haut géif hien nach ëmmer zu senge Wierder stoen. Hie betount, datt déi intern Diskussiounen an der Partei gekläert gi wieren an elo de Fokus op der Zukunft géif leien. Fir hien ass Éierlechkeet an der Politik entscheedend, well d'Glafwierdegkeet vun de Politiker um Spill steet. "An do soll een éierlech genuch sinn. An dofir stinn ech zu deem, wat ech deemools gemaach hunn."

Keng Partei sëtzt gär nieft der ADR

Mat senger Arrivée gouf et och nees eng Diskussioun bei der LSAP iwwer d'Sëtzuerdnung an der Chamber. De Ben Streff wollt net nieft der ADR-Parteipresidentin Alexandra Schoos sëtzen, mat där hirem Papp hien och am Bäerdrefer Gemengerot muss zesummeschaffen. Hien huet zouginn, dass keen an der LSAP besonnesch Loscht hätt, direkt nieft der ADR ze sëtzen. D'Sozialiste géingen natierlech den demokratesche Choix vun de Wieler respektéieren. Dat géif awer net automatesch bedeiten, datt ee politesch no bei där Partei stéing oder onbedéngt niewendru sëtze wéilt. Selwer sëtzt hien elo tëscht dem Ben Polidori an dem Mars Di Bartolomeo.

Gesond Sträitkultur an der LSAP

No de rezente Spannungen an der LSAP-Fraktioun, notamment ronderëm den europäeschen Asyl- a Migratiounspak, schwätzt de Ben Streff vun engem "positive Sträit" an enger wierklech gudder Sträitkultur a senger éischter Fraktiounssëtzung. D'Deputéiert Liz Braz hat sech d'lescht Woch enthalen, wärend de Rescht vun der Fraktioun dogéint gestëmmt huet. Et wier wichteg, datt an enger Partei diskutéiert géif ginn, an datt ënnerschiddlech Positioune kënnen ausgedroe ginn, betount den neien Deputéierten. Hie gesäit dat éischter als Stäerkt wéi als Schwächt vun der LSAP an ënnersträicht, datt eng Partei ouni Debatt op Dauer net funktionéiere kéint: "Ech géif mer éischter Suerge maachen, wann ech an enger CSV sinn, wou dat do anscheinend net fir Diskussioune suergt. Weder an der Fraktioun nach an der Partei. Et schéngt keen ze stéieren, op wéi e Wee den Inneminister elo geet. Ech mengen déi chrëschtlech-sozial Léier léiert do eppes aneres."

Konkret Politik amplaz vu grousse Wierder

Fir d'LSAP nees méi offensiv ze positionéieren, setzt de Ben Streff virun allem op konkret Propositiounen. Als Beispill nennt hien d'Fuerderung vun der Partei, de Mindestloun ëm 200 Euro ze erhéijen. Wat ufanks als onrealistesch ofgestempelt gi wier, hätt schlussendlech awer säin Nidderschlag an de Kompromësser vun der Regierung fonnt. De Ben Streff kritiséiert, datt d'Regierung sech ze dacks als Mediateur géif verhalen, amplaz kloer Positiounen ze bezéien. D'Oppositioun misst dowéinst mat eegene konkrete Proposen iwwerzeegen.

Besonnesch um Häerz läit dem neien Deputéierten d'Chancëgerechtegkeet. An där Fro géif ee virun allem net laanscht de Logement kommen. Wann d'Wunnengskris net geléist géif ginn, da wier et schwéier, sozial Gerechtegkeet an anere Beräicher ze garantéieren. De Ben Streff ass dofir der Meenung, datt och d'Gemengen hir Verantwortung missten iwwerhuelen.

Akzent op d'Independanten

An der Chamber wäert de Ben Streff ënner anerem an der Wirtschaftskommissioun schaffen. Besonnesch d'Independanten, wéi Wënzer, Coiffeuren oder Metzler, leien him um Häerz. Si géifen dacks als éischt vun de Krise getraff ginn an hätten eng zentral Roll fir d'Liewen an de Gemengen. Den Deputéierte wëll sech dofir fir eng besser sozial Ofsécherung asetzen an zesumme mat de concernéierten Acteuren e komplette Reformpak ausschaffen.

Politik muss nees bei d'Leit

Fir géint d'Politikverdrossenheet unzegoen, wëllt de Ben Streff virun allem méi no bei d'Leit kommen. Klassesch Walversammlunge géifen ëmmer manner funktionéieren. Amplaz misst d'Politik op d'Festivitéiten, an d'Veräiner an an den Alldag vun de Bierger goen. Dobäi spille fir hien och sozial Medien eng wichteg Roll. Plattformen ewéi TikTok dierften net deene rietse Parteien iwwerlooss ginn. Entscheedend wier awer net nëmmen d'Plattform, mee virun allem eng kloer a verständlech Sprooch, déi d'Leit erreecht, sou den neien Deputéierten aus dem Osten.

Invité vun der Redaktioun: Ben Streff

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO