Energietransitioun an der Gemeng NidderaanwenBis 2050 soll de ganze Gemengenterritoire klimaneutral sinn

Chris Meisch
D’Gemeng huet hiren neie Solar-Carport bei der Maison Relais presentéiert an dobäi och hir nei Strategie fir d’Energietransitioun virgestallt.
De Premier Luc Frieden war zu Nidderaanwen bei der Aweiung vum neie Carport dobäi
De Premier Luc Frieden war zu Nidderaanwen bei der Aweiung vum neie Carport dobäi
© Chris Meisch

D'Energietransitioun war viru kuerzem nach ee vun de grousse Sujeten an der Tripartite. Fir datt déi ambitiéis Klimaziler awer erreecht kënne ginn, brauch et och konkret Projeten op lokalem Niveau. Genee esou ee Projet ass sech de Premier Luc Frieden e Méindeg zu Nidderaanwen ukucke gaangen. D’Gemeng huet hiren neie Solar-Carport bei der Maison Relais presentéiert an dobäi och hir nei Strategie fir d’Energietransitioun virgestallt.

D’Gemeng Nidderaanwen huet sech ambitiéis Ziler gesat. Bis 2030 soll de private Wunnsecteur klimaneutral ginn, bis 2040 d’Gemengeverwaltung mat all de kommunale Gebaier a bis 2050 de ganze Gemengenterritoire. Fir dat z’erreechen, erkläert de Buergermeeschter Fréd Ternes, setzt d’Gemeng op véier Pilieren.

“E groussen an Haaptpilier ass d’Photovoltaik, den zweete Pilier ass d’Wandenergie, dat heescht, mir brauchen och eng alternativ erneierbar Energiequell zu der Sonn. Déi drëtt ass u sech eng Energiegemeinschaft, déi mir elo Enn des Joers wëlle starten. Dat gëtt eng regional Gemeinschaft, wou jidderee kann drun deelhuelen an et drëms geet, dass Produzenten, déi hir eege PV-Anlag um Daach hunn, méi Sue kréie fir hir Produktioun, déi si selwer net brauchen, an op där anerer Säit Consommateure méi bëlleg u Stroum kommen, sou dass jidderee Gewënner ass. Domat hänkt och zesummen eng ganz Energieinfrastruktur. An de véierte Pilier vun der Strategie ass eng ganz Dékarboniséierungstrategie.”

Energietransitioun an der Gemeng Nidderaanwen
Bis 2050 soll de ganze Gemengenterritoire klimaneutral sinn. Donieft ass den neie Solar-Carport bei der Maison Relais ageweit ginn.

Datt d’Gemeng scho laang op Solarenergie setzt, weisen och déi aktuell Chifferen. D'Solaranlagen zu Nidderaanwen produzéieren haut ronn 9,8 Millioune Kilowattstonne Stroum pro Joer.

E konkrete Bestanddeel vun där Strategie ass den neie Solar-Carport, deen de ganze Parking virun der Maison Relais iwwerdeckt. Wärend d'Autoen ënnert de Panneaue viru Sonn a Wieder geschützt sinn, gëtt gläichzäiteg erneierbar Energie produzéiert. De Projet gouf an enker Zesummenaarbecht mat Enovos realiséiert, déi d'Gemeng bei der Planung an Ëmsetzung vum Solar-Carport begleet hunn. Den Eric von Scholz, Direkter vun ENOVOS.

Es entspricht in etwa die Stromproduktion für 150 Haushalte und sie sparen CO2 für in etwa 20 Autos pro Jahr. Also das ist eine Grössenordnung, die deswegen spannend ist, weil wenn sie mehrere davon haben, es sich natürlich auch lohnt und vor allem können sie diesen Strom auch lokal schön nutzen. Man kann auch mit der Anlage einige Autos tanken, das ist so in etwa die Grössenordnung 500 Megawatt.”

Nieft dem Ausbau vun der Energieproduktioun wëll d’Gemeng awer och de Verbrauch reduzéieren. Virgesi sinn ënner anerem energeetesch Renovatiounen, d’Fërderung vu Wärmepompelen, eng méi intelligent Gestioun vum Energieverbrauch an den Ausbau vun der Elektromobilitéit. Parallel dozou sollen och Energiegemeinschafte geschaaft ginn,bei deene lokal produzéierte Stroum direkt an der Regioun gedeelt a genotzt ka ginn.

Fir de Premier Luc Frieden sinn esou Initiativen e wichtege Bestanddeel vun der nationaler Energietransitioun.

“De Staat begleet dat Ganzt jo och bei de Leit a bei de Betriber. Mir hunn och elo an der Tripartite nach eng Kéier decidéiert, de Klimabonus Wunnen z’erhéijen, sou dass ee kann d’energeetesch Renovatioun vu sengem Haus maachen. Et brauch ee virun allem ee Konzept an de politesche Wëllen, och d’Kommunikatioun, de Bierger z'erklären, wat méiglech ass, wat sinn och d’Hëllefen, déi de Stat gëtt, an dann erreeche mir dat zesummen, zesumme si mir méi staark.”

Bei der Energietransitiounsstrategie setzt d’Gemeng Nidderaanwen bewosst op d’Bedeelegung vun de Bierger. Reegelméisseg Biergerversammlungen, e Klimaforum an eng speziell Energietransitiounskommissioun sollen dofir suergen, datt d’Awunner aktiv an de Prozess mat agebonne ginn.

Mat bal 10 Millioune Kilowattstonne Solarstroum pro Joer zielt Nidderaanwen schonn haut zu de Virreider am Beräich vun der Photovoltaik zu Lëtzebuerg.

PDF: Pressecommuniqué vun Enovos (16.6.26)

Back to Top
CIM LOGO