Temperaturen ëm déi 30 Grad a Sonn – do zitt et op engem Dag ewéi e Samschdeg vill Leit an d'Natur, zumools bei d'Waasser. Eng vun deene beléiftst Plazen ass do de Stauséi.
D'Awunner aus Dierfer wéi Lëlz oder Ënsber fuerderen en nationaalt Konzept, fir den Impakt vum Flux u Visiteure besser am Grëff ze behalen.
Et war e Samschdeg aussergewéinlech roueg zu Lëlz. Keng Autoen, déi dräi Mol den Tour vum Duerf gemaach hunn, fir um Enn awer kéng Parkplaz direkt beim Séi ze fannen.
Zanter dësem Weekend gräift d'Gemeng Esch-Sauer duerch. Mat net just Barrièren, ma och engem Sécherheetsmann, fir d'Strooss an d'Duerf eran ze spären.
E Schrëtt an déi richteg Richtung, aus der Siicht vun Awunner wéi dem Pierre Wolff, deen zu Lëlz wunnt:
Ech liewe vu Klengem un hei zu Ënsber, duerno lo hei zu Lëlz scho ronn 30 Jore laang. An d'Evolutioun ass esou, datt mer ëmmer méi Leit hunn, déi heihinner kommen, well eis d'Entwécklung vum Land dat och hier geet. De Wuesstem mam Land. An d'Evolutioun ass déi, datt d'Infrastrukturen, souwéi och d'Beschëlderung, alles ass nach virun 30 Jore stoe blieft. Dat heescht, do feelt wierklech ee Konzept, fir datt mer hei zu Lëlz an och zu Ënsber einfach mol de Verkéier, d'Autoen an d'Leit anstänneg gereegelt kréien. An datt och jiddereen de Wee fënnt, fir op d'Plage an de Wee och fënnt, fir säin Auto ze stellen.
Soubal d'Temperature klammen, vu Mee bis September, zitt de Stau d'Leit un – Residenten, awer och vill Touristen aus der Belsch, Holland a Frankräich. Leit, déi d'Géigend net kennen, mam Resultat, datt wéi e Samschdeg de Mëtteg Gewulls net ausbleift, an dat direkt um Rand vun där geféierlecher N27.
De Pierre Wolff:
Also haut gëtt deen éischte Parking, wéi zu Ënsber heescht deen am Kéilert. Ech sënn och pro Lëtzebuerger Sprooch, et geet awer net, datt de Parking am Kéilert heescht, also all Auslänner, dee kënnt oder een ee Francophone ass, dee sicht no engem Parking Plage.
Vun der Beschëlderung iwwer e Parksystem mat kloren Uweisunge bis d'Reglementatioun, wat op de Plagen erlaabt ass oder net. Mat engem weideren, aktuelle Beispill: Um Territoire vun der Gemeng Esch-Sauer ass et zanter e Freideg verbueden, op de Plagen ze grillen, dat wéinst der grousser Bëschbrand-Gefor.
De Pier Bormann, Awunner vun Ënsber a fréiere Buergermeeschter:
Ech hunn de Moien an Uecht geholl, well ech mam Kajak iwwert de Séi war, ze Léifreg gëtt et dat net. Do däerf jiddweree Grillen a Feier maachen, wéi e wëllt. Op der Rommwiss genau d'selwecht, do ass och näischt verbueden. Op der Misesbréck och, do stinn och keng Schëlter. Do stinn och wéi vill Grillen, Grillen, déi schonn amgaang waren, ze brennen de Moien. Do misse mer eis awer eens sinn. Ech mengen, do kéint den Naturpark awer eng Vermëttler-Roll iwwerhuelen. Mir hu jo all Gemengen hei, déi am Comité vum Naturpark sinn. Da misse mer och zesummen déi selwecht Reglementer ronderëm de See, wéinstens um See selwer hunn.
Alle béid, de Pier Bormann an de Pierre Wolff sinn sech an engem Punkt eens.
"Datt de Problem Séi net vun enger Gemeng Esch-Sauer eleng ka gemaach ginn. Dat muss regional, et muss souguer national geléist ginn. An dat schéngt mer e Problem ze sinn. Well finanziell Mëttel einfach net hei zur Verfügung stinn", sou de Pier Bormann
D'Awunner aus béiden Dierfer setze sech kloer fir en nohaltegen Tourismus ronderëm déi gréisst Drénkwaasser-Reserve vum Land an – am Respekt vun der Natur an de Leit déi do liewen.
De Pir Bormann werft och nees d'Fro op, firwat et nach kee Vëloswee ronderëm de Stauséi gëtt, am Sënn vu méi Mobilité douce a manner Gerenns.