Zwee BlesséierterAccident um Kierchbierg an Auto op der Kopp op der A6

RTL Lëtzebuerg
Gerabbelt hat et um Kierchbierg, grad ewéi op der Bretelle vun der A6 eriwwer op d'A4.
© Jeannot Ries

E Sonndeg den Owend um 18:12 Auer gouf bei engem Accident um Kierchbierg eng Persoun blesséiert.

Kuerz virun 20 Auer war et en Accident op der Bretelle vun der A6 eriwwer op d'A4 a Richtung Stad. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. Wéi d'Police matdeelt, war den Auto bei deem Accident um Daach gelant. D'Automobilistin krut e provisorescht Fuerverbuet, well se ënner Drogenafloss Auto gefuer ass.

A béide Fäll waren d'Rettungsservicer aus der Stad am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO