Neen, d'Regierung hätt sech de Sozialdialog net zeréckkaaft op Käschte vun der Allgemengheet, esou de Finanzminister Gilles Roth, deen e Mëttwoch den Owend live beim Raphaëlle Dickes am Journal op der Tëlee war.
Déi 450 Milliounen Euro, déi d'Mesurë kaschten, déi wieren nämlech "gutt investéiert an de soziale Fridden an an d'Rou" am Land: “Mir hunn investéiert an d'Kafkraaft, mir hunn investéiert an d'Kompetitivitéit vun de Betriber an dat Ganzt ass eppes, wat ee muss zesumme kucken.”
Datt déi dach séier Eenegung an der Tripartite bei esou muncher engem e komescht Gefill géif ausléisen, wollt de Finanzminister net esou stoe loossen: Den Tripartitespak wier e Kompromëss, e Konsens tëscht de Sozialpartner, also dem Patronat, dem Salariat an der Regierung. An d'Moossname beim Sprit, beim Masutt, beim Elektresch a beim Gas, déi wiere geholl ginn, fir d'Inflatioun ze bremsen: “Dass net esou séier Indextranchen erfalen, dat hëlleft also alle Betriber.”
An de Leit, deenen hätt een de Mindestloun an d'Luucht gesat – an zwar ganz bewosst iwwer e Steierkredit, de Crédit d'impôt salaire social minimum: “Dat ass net zur Belaaschtung vun de Betriber”. D'Leit mam Mindestloun, déi an enger schwiereger Situatioun wieren, hätten esou och méi Netto vum Brutto. Déi Mesür, esou de Gilles Roth, géif och iwwer 2028 eraus bäibehale ginn, och wa se de Staat eppes géif kaschten.
De Reproche, datt d'Inflatiounsberengegung vun der Steiertabell jidderengem zegutt kéim, also net sozial selektiv wier, huet de Finanzminister net gëlle gelooss: Déi aktuell Regierung hätt d'Steierlaascht fir den normale Steierzueler am Duerchschnëtt ëm 20,38 % erofgesat. “Dat ass vill. Mir hunn dat gemaach, well mer de Leit wëlle méi Kafkraaft ginn.” An duerch d'Steierbarèmë géif do och eng sozial Komponent spillen: “Mir hunn e progressive Steiersaz, dat heescht, wat ee méi verdéngt, wat méi en héije Steiersaz ufält.” Et wier op alle Fall déi richteg Approche, datt de sozialen Ausgläich iwwer d'Steiertabell geschitt.
Och datt d'Progressioun vum Steiersaz plafonéiert ass, fënnt de Gilles Roth richteg: “Déi Leit, déi vill verdéngen, déi bezuelen op alles, wat se weider kréien, 42% Steieren. An da kënnt nach d'Solidaritéitssteier derbäi, dat heescht, déi leien de facto bei iwwer 45%. Ech mengen, dass dat eng Steierlaascht ass, déi och sozial gerecht ass.”
Éierlechkeet, Transparenz a Wäitsicht géif si vun engem Finanzminister erwaarden. Dat hat d'Spriecherin vun deene Gréngen an der Chamber, Sam Tanson, e Mëttwoch de Moien als Invitée vun der Redaktioun op Radio Lëtzebuerg gesot. Domadder konfrontéiert sot de Minister, déi 800 Milliounen Euro, déi op den 31. Mee méi an der Staatskeess wieren, déi wieren net “op eemol fonnt ginn”, déi wieren enger positiver Entwécklung vun de Steieren aus der Wirtschaft ze verdanken.
“Et ass net gutt, wa mer all Mount 10-12.000 Leit op dem Knuedler stoen hunn.”
Et hätt een de Leit nämlech méi Kafkraaft ginn, et hätt een déi Eleng-Erzéiend an d’Wittleit an elo d’Mindestlounempfänger entlaascht an “2028 mat der Steierreform, da wäerten all déi aner Leit och deementspriechend entlaascht ginn”, besonnesch déi Jonk, datt déi hei gutt kënne liewen, well d'Land bräicht Talenter, awer och a sozial Kohäsioun a soziale Fridden: "Et ass net gutt an et steet enger Lëtzebuerger Regierung och net gutt an et steet engem Lëtzebuerger Land net gutt, wa mer all Mount 10-12.000 Leit op dem Knuedler stoen hunn.” De Sozialdialog géif elo funktionéieren.
Fir d'Lächer am Budget ze stoppen, vertraut de Minister op eng dynamesch Ekonomie, déi da fir méi Steiersue suergt an e sot, datt et gutt wier, wann d'Steigerung vun den Ausgabe beim Staat vun engem Joer op dat anert, a Prozent, vir mat enger 5 (an net méi enger grousser Zuel) géif ufänken. “Da sti mir um Enn vum Joer net esou schlecht do.”
An déi grouss Steierreform, déi wier weider fir 2028 geplangt. Et hätt een eng gutt Zensur vum Staatsrot kritt, wann alles gutt geet, kéint d’Chamber dee Projet am Hierscht stëmmen. Vun 2028 un hätt een dann eng eenheetlech Steierklass – “fir eise Steiersystem un eng modern Gesellschaft unzepassen.”
Vill Leit hätten dat iwwer Jore gefuerdert, CSV an DP géifen dozou stoen, fir all déi aner géif et deen Ament heeschen: “Weises zielt.”