
Viru ronn 180 Joer als administratiivt Gebai fir d'Douane gebaut, gouf de "Café Waldhaff", wéi den Numm et scho seet, spéider als Café respektiv Restaurant genotzt. Woubäi et och schonn aacht Joer hier ass, datt dee seng Dieren zougemaach huet. Zanterhier huet zwar de Proprietär gewiesselt, mee um Gebai selwer huet sech awer näischt gedoen. An et dierft och nach e bëssi daueren, bis nees neit Liewen op de Waldhaff kënnt.
Zanter 2023 gehéieren d'Gebai an den Terrain der Gemeng Nidderaanwen. Virdru war de Staat de Besëtzer, ma deen an d'Gemeng si sech eens ginn, fir de fréiere Café-Restaurant géint een aneren Terrain ze tauschen, op deem dat neit Policekommissariat gebaut gouf. Äert um Waldhaff nees Béier gezaapt an Iessen zerwéiert ka ginn, muss d'Gebai awer mol fir d'éischt an d'Rei gesat ginn, wéi de Buergermeeschter vun Nidderaanwen Fred Ternes erkläert. "Dat eent ass de Lift, dee mer wéilte maachen, fir datt ee kann ee Gebai maachen, dat fir jiddereen accessibel ass op deenen dräi Niveauen, déi d'Gebai haut huet. An dat anert ass no hannenaus vum Gebai gekuckt, do sinn haut bëssi komesch Linnen, wéi u sech déi Gebäudehülle verleeft. Dat géinge mer gäre riicht zéien, och aus energeetesche Grënn. Dat sinn zwee Punkten, déi haut net geneemegbar sinn an enger Zone verte." Dat soll sech awer an Zukunft mat engem neie Gesetz änneren, dat d'Schafe vun enger Zone verte bis virgesäit. An déi Zone sollen d'Gemenge Constructioune ëmklasséiere kënnen, déi aktuell an enger Zone verte leien an op d'mannst 20 Joer al sinn. Doduerch soll et méiglech ginn, datt déi Gebaier bis zu engem gewësse Grad ëmgebaut dierfe ginn. Eng éischt Versioun vun engem Gesetzesprojet war Mëtt d'lescht Joer virgeluecht ginn, mee de Staatsrot huet Ufank vun dësem Joer eng Opposition formelle géint de ganze Projet ausgeschwat, well net kloer genuch definéiert wier, wat un de Gebaier genee gemaach dierf ginn. Wéini eng nei Versioun vum Text virgeluecht wäert ginn, ass net kloer.
Een, dee sech dorunner nawell zimmlech stéisst, ass de bekannte Kach Tony Tintinger. Hie wunnt an der Gemeng Nidderaanwen, ass fréier gären op de Waldhaff iesse gaangen an huet Mëtt vun den 80er-Joren den Ëmbau vum Gebai als Beroder begleet. Senger Meenung no misst d'Regierung elo endlech liwweren.
"De Bauteminister, mam Ëmweltminister, mam Ministère de l'intérieur, déi misste sech Mol all zesummesetzen, fir datt dat do virugeet. Dat ka jo net sinn, datt dat lo nach ee Joer dauert, bis dat rëm eng Kéier duerch de Staatsrot a geännert ass, da komme mer fënnef, sechs Joer no hannen. An de Buergermeeschter steet do a kann näischt maachen, dee kënnt net virun duerch déi doten, well do ee Minister ass, deen haaptsächlech net viru mécht. Marc Hoscheid: "Domadder mengt Der den Här Wilmes, oder?" Tony Tintinger: "Jo!" De Fred Ternes gesäit dat iwwerdeems e bëssi méi entspaant. Et géing zwar wéi sou dacks zu Lëtzebuerg ze laang daueren, mee um Enn missten och ee Minister an eng Gemeng sech un d'Gesetzer halen, déi dee Moment gëllen.
Aktuell géing een nach net no engem Exploitant sichen, domadder géing ee waarden, bis d'Ëmbauaarbechten, déi iwwregens 4 bis 5 Milliounen Euro kaschten dierften, ulafen.
"Dat mécht kee Sënn lo schonn, soss huet een een Exploitant an da streit ee mat deem bis d'Gebai fäerdeg gëtt. Elo musse mer Mol de Projet gestëmmt kréien, dofir mussen nach déi Hürden do geholl ginn. Wann de Projet bis gestëmmt ass an d'Aarbechten ugefaangen hunn, dann ass ee gudde Moment, fir mat Zäiten een Exploitant mat eranzehuelen, fir eben och ze kucken, wat ee vun der Bannenariichtung a sou op seng Besoinen zouschneiden. Mee och een Exploitant muss wëssen, ech kann dat do an zwee Joer exploitéieren."
Et géinge sech zwar elo scho permanent potentiell Exploitante bei der Gemeng mellen, mee de Moment kéint een deenen nach keng konkret Perspektiv bidden.
Mat Bléck op deen neien Exploitant fuerdert den Tony Tintinger, datt d'Gemeng de Loyer net ze héich usetzen dierft. Et sollt nämlech spéider eng Plaz ginn, wou sech och Leit mat engem méi klenge Portmonni treffe kënnen, wéi dat scho fréier de Fall gewiescht wier.