
Ënner anerem de Rettungshelikopter vun der Air Rescue war kuerz no 17 Auer um CR144 tëschent Kanech an Éiter am Asaz. Hei sinn zwou Persoune blesséiert ginn, wéi en Auto an e Bus matenee kollidéiert sinn. Nieft der Air Rescue waren och d'Secouristen aus den Asazzentere vu Kanech, Mutfert, Mäertert a Réimech op der Plaz.
Géint 19:50 Auer gouf et dann eng weider verwonnt Persoun, déi um CR137 tëscht Berbuerg a Bech mat hirem Auto verongléckt ass. D'Rettungsekippe vu Manternach an Iechternach waren am Asaz.
D'Pompjeeë vu Kanech, Fluessweiler a Réimech waren da kuerz no 21 Auer an d'Rue du Relais zu Gouschteng geruff ginn, well hei en Daach gebrannt huet. Persoune koumen dobäi awer keng zu Schued.