Invité vun der Redaktioun (14. September)Serge Wilmes, Ëmweltminister

Carine Lemmer
E Méindeg de Moien ass de Klimawandel Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Hëtzt, Dréchent a Klimaschutz: Si mer zu Lëtzebuerg gutt genuch op déi ëmmer méi heefeg Wiederextremer preparéiert? Dat froe mer e Méindegmoien den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes.

Misst d'Regierung net méi konsequent géint de Klimawandel virgoen a geet et nach "ouni nerven"?

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO