
Nodeems bei engem Sträit op der Terrass vun engem Café zu Ettelbréck eng Persoun um Aarm blesséiert gouf, huet d'Police en Zeienopruff lancéiert gehat. De presuméierten Täter wier nom Sträit geflücht a gëtt zanterdeem vun der Police gesicht.
Ugangs hat d'Police no enger Fra an engem Mann gesicht, mä déi weiblech Persoun, déi gesicht gouf, konnt identifizéiert ginn. Dowéinst lancéiert d'Police nach eng Kéier den Zeienopruff, fir och déi männlech Persoun ze fannen an ze identifizéieren.
Alleguer d'Informatioune si fir d'Police vun Ettelbréck, dat ënnert der Telefonsnummer 244 84 1000 oder via Mail op "police.ettelbruck@police.etat.lu".