Invité vun der Redaktioun (11. Juni) - Dr. Monique ReiffNei ambulant Strukturen: Spidolsdoktere stelle sech vill Froen

Annick Goerens
En Donneschdeg de Moie war d'Moderniséierung vum Gesondheetssystem Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Dr. Monique Reiff
Mat der Presidentin vun der Associatioun vun de Spidolsdokteren hu mer iwwer d'Moderniséierung vum Gesondheetssystem geschwat.

Et ass sécherlech néideg, dass Saachen ëmstrukturéiert ginn an dass mer och Sue spueren, mee et gëtt nach ganz vill Froen, déi net gekläert sinn. Dat sot d'Dr. Monique Reiff en Donneschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun iwwer den neie Gesetzprojet 8760, deen et elo méiglech mécht, dass sech Dokteren zesummendoen, fir een ambulante Cabinet op d'Been ze stellen, deen awer un e Spidol soll gegliddert bleiwen.

D'Presidentin vun der Associatioun vun de Spidolsdoktere Monique Reiff erkläert, dass besonnesch d'Roll vun den neien ambulante Strukturen, déi vun Doktere kënne gegrënnt ginn an un e Spidol ugebonne sinn, nach net kloer definéiert wier. Et géing sech d'Fro stellen, wéi dës nei Strukture sech vun de bestoende Spidolsantennen ënnerscheeden a wéi d'Zesummenaarbecht mat de Spideeler konkret organiséiert gëtt.

"Wéi gesäit dat aus? An ass d'Spidol iwwerhaapt drun interesséiert, en Agrement mat enger Dokteschassociatioun ze maachen? A wat geschitt, wann eng Dokteschassociatioun sech bilt an d'Spidol keen Agrement gëtt?"

Wéi solle Spideeler sech nach finanzéiert kréien?

Et wier wichteg, dass am Spidol Pluridisziplinaritéit gelieft gëtt. Mee d'Spidolsdokteren hu Bedenken iwwer d'Finanzéierung. Wann an Zukunft virun allem déi komplex a méi zäitopwänneg Fäll do behandelt ginn, da kéinten d'Spideeler sech mat der "Tarification à l'acte" eventuell net méi finanzéieren, well do d'Facteuren "Zäit" a "Komplexitéit" net mat berécksiichtegt ginn.

Kritik um geplangte Gardesystem

Skeptesch ass d'Associatioun och vis-à-vis vun der Iddi, Dokteren aus ambulante Strukturen an de Garde-System vun de Spideeler anzebannen. "Wéi sollt ee kënnen eng Gard an engem Spidol maachen, wann en net an deem Spidol schafft, wann en net an dee System agebonnen ass, wann een, ech soen elo mol, d'Prozeduren an de Computerprogramm net kennt?"

D'Monique Reiff plädéiert éischter dofir, datt ambulant Strukturen hir eege Garde-Systemer opbauen, dass se och de Weekend do si fir hir Patienten, déi si kennen, well soss géingen déi all nees an den Urgencen oder Policliniquë landen. An do wéisst ee jo wéi déi ausgesinn.

Nei Kompetenzreseaue si wichteg, mee d'Ëmsetzung komplizéiert

D'Ministesch hat e Mëttwoch och véier nei Kompetenz-Reseauen annoncéiert an de Beräicher Long Covid, Endometrios, Menopause an Troubles du neuro-développement. Dat begréisst d'Associatioun vun de Spidolsdokteren, "well ech mengen, et ass einfach schonn eleng fir déi Pathologien, dass do driwwer geschwat gëtt, dass déi besser en charge geholl ginn, dass déi méi seriö geholl ginn. [...] De Long Covid an eeben och déi Fatigue post infectieuse, déi mer scho laang kennen, net just vum Covid, ass och ganz sënnvoll, well déi Leit bleiwen awer och oft eleng gelooss. An net seelen och stigmatiséiert."

Och déi neurologesch Entwécklung bei Jonke wier en Thema, wou misst driwwer geschwat ginn. Allerdéngs misst dann och dat néidegt Fachpersonal disponibel sinn, wéi zum Beispill den Neuro-Pediater, fir esou Strukturen erfollegräich ëmzesetzen. Do géif een d'Ëmsetzung nach ganz komplizéiert gesinn.

Méi Autonomie fir Infirmièren

D'Spidolsdoktere stinn och hannert de Fuerderunge vun der ANIL (d'Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren) no méi Autonomie. Besonnesch spezialiséiert Infirmière kéinten eng wichteg Roll an der multidisziplinärer Betreiung vun de Patienten iwwerhuelen. Méi Autonomie géif d'Qualitéit vun der Versuergung verbesseren. "Ech mengen den Dokteschberuff spezialiséiert sech ëmmer méi. Ech fannen, dat muss och fir den Infirmiersberuff stëmmen a vum Spidolssecteur begréisse mir all d'Kompetenzen a Verantwortung, déi eng Infirmière kann iwwerhuelen."

Unispidol bleift eng laangfristeg Erausfuerderung

D'Iddi vun engem Uni-Spidol zu Lëtzebuerg ass realistesch, fënnt d'Monique Reiff. Et géif jo eigentlech einfach mol bedeiten, dass eng Universitéit enk mat engem Spidol zesummeschafft. Dat heescht, de Schwéierpunkt läit op der Ausbildung vun den Dokteren. Dat géif awer eng ëmfaassend Planung erfuerderen. Mat de véier grousse Spideeler am Land misst eng gemeinsam an eenheetlech Struktur geschaaft ginn, fir Ausbildung, Fuerschung a Weiderbildung besser ze koordinéieren.

"Wa mer vun engem Master schwätzen, da musse mer spéitstens elo ganz konkreet probéieren, dat ze plangen, wéi dat soll praktesch ausgesinn."

Kënschtlech Intelligenz ass haut schonn am Asaz

Kënschtlech Intelligenz ass haut schonn an de Spideeler am Asaz, notamment fir de radiologeschen Diagnostik ze maachen, erkläert d'Neurologin. Et wier een nach am Ufank, mee et wier wichteg, dat virunzedreiwen an engem geschützte Kader. Et géing kee ChatGPT an den Asaz kommen, mee e System, dee gespeist gëtt mat wëssenschaftlechen Daten. Grad bei der Dokumentatioun kéint KI Schreifaarbechten erliichteren, dass Consultatiounen direkt géifen dokumentéiert ginn. Gläichzäiteg warnt si virun de Limitte vun den aktuelle Systemer. KI kéint den Dokteren Zäit spueren, mee géif och dozou féieren, datt Patienten ëmmer méi informéiert – oder heiansdo falsch informéiert – an d'Consultatioun kommen.

Invitée vun der Redaktioun: Dr Monique Reiff

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO