Zwee BlesséierterMotocyclisten zu Maarnech an tëscht dem Grondhaff a Mëllerdall gefall a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg gouf et zwee Blesséierter, nodeems se mat hire Motorrieder gefall sinn.
© Jeannot Ries

De CGDIS mellt zwee Incidente vun e Samschdeg de Moien. Um 09:15 Auer ass an der Fëschberstrooss zu Maarnech ee Motocycliste gefall a gouf dobäi blesséiert.
 
Um 10:30 Auer huet tëscht dem Schumannseck a Bidscht een Dreckseemer gebrannt. Hei ass keng Persoun zu Schued komm.

Ee Blesséierte gouf et dann um Samschdeg de Mëtteg géint 14:40 Auer, wéi um CR121 tëscht dem Grondhaff an dem Mëllerdall e Motocyclist mat senger Maschinn gefall ass. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Beefort an d'Ambulanz vun Iechternach.

Zwee Accidenter mat siwen Autoen e Freideg am Nomëtteg

E Freideg gouf et kuerz no 17:00 Auer een Accident zu Esch an der Rue Joseph Kieffer. Am Ganze ware fënnef Autoen an den Accident involvéiert. Dem CGDIS no gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren de CIS Esch an eng Ambulanz vun Esch.

E Freideg hat et dann och nach géint 17:45 Auer op der A13 tëscht Helleng a Fréiseng gerabbelt. Hei waren zwee Gefierer net laanschtenee komm. Zwou Persoune si verwonnt ginn. Op der Plaz waren den CIS Fréiseng, den CIS Beetebuerg an eng Ambulanz vu Schëffleng.

Back to Top
CIM LOGO