Kläpperei a SchnëttwonnenDräi Blesséierter no Sträit zu Iechternach

Andy Brücker
Aus engem verbale Sträit ass eng Kläpperei ginn, bei där um Enn dräi Persoune verwonnt goufen.

Zu Iechternach ass d'Police e Samschdeg géint 5 Auer moies wéinst enger Messerpickerei an der Route de Luxembourg geruff ginn. Op der Plaz hu Beamten eng blesséiert Persoun fonnt, déi geblutt huet an huet musse behandelt ginn.

Kuerz drop goufen nach zwou weider blesséiert Persoune fonnt. Éischten Erkenntnisser no waren déi dräi Leit an e Sträit geroden, deen um Parking nieft engem Akafszenter ugefaangen huet. Aus enger verbaler Ausernanersetzung ass duerno eng Kläpperei ginn.

D'Police huet festgestallt, datt all Bedeelegt staark alkoholiséiert waren. Wéi et genee zu de Verletzunge koum, ass nach net gekläert. Op der Plaz goufe bluttverschmiert Glasschierbelen als Beweismëttel séchergestallt.

Back to Top
CIM LOGO