
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg, tëscht 23 Auer an Hallefnuecht, hunn 112 Automobilisten zu Réimech musse blosen, dat op der Route de Stadtbredimus. Eemol war den Test positiv an et gouf Protokoll erstallt. Ee Permis gouf nach op der Plaz agezunn. Am Kader vun där Kontroll goufen dann och nach 5 aner Protokoller geschriwwen, dat well d'Steiervignett net bezuelt war, well d'technesch Kontroll gefeelt huet, ee kee Fürerschäi konnt virweisen, oder een net richteg ugestréckt war.
No der Kontroll zu Réimech war dann nach eng zu Bous, dat och an der Route de Stadtbredimus. Hei hat de Parquet vun 01:30 bis 2:30 Auer eng Alkoholkontroll an Optrag ginn.
96 Alkoholtester goufe gemaach, vun deenen der véier positiv ausgefall. Hire Permis konnten déi Concernéiert awer halen. Dobäi koumen 2 Protokoller, well d'technesch Kontroll net an der Rei war, respektiv nach een, well ee Chauffer kee valabele Fürerschäi konnt virweisen.