1.500 Kilometer fir 90 SekonnenVu Schëffleng mam Auto a Spuenien, fir déi komplett Sonnendäischtert ze gesinn

Christophe Hochard
Fir eng total Sonnendäischtert ze erliewen, mécht den Hobbyastronom a Fotograf Roby Kieffer sech op de Wee a Spuenien. 1.500 Kilometer fir en Himmelsspektakel op enger besonnescher Plaz ze gesinn.
Sonnendäischtert den 8. Abrëll 2024 zu Texas an den USA.
© PHILIPPE JACQUOT/Biosphoto via AFP

Den Auto ass gepak an zanter e Freidegmoien ass de Roby Kieffer mat senger Fra Karine vu Schëffleng aus ënnerwee op El Poyo del Cid, enger klenger Uertschaft a Spuenien tëscht Saragossa a Madrid.

Zu Lëtzebuerg gëtt e Mëttwoch d'Sonn zwar zu ronn 90 Prozent vum Mound bedeckt. Fir de passionéierten Hobbyastronom ass dat awer net mat enger Totalitéit ze vergläichen. Déi verbleiwend zéng Prozent vun der Sonn géifen nach ëmmer esou vill Liicht ofginn, datt een, deen näischt vun der Sonnendäischtert weess, se ënner Ëmstänn kaum bemierkt.

“Eng Totalitéit, dat ass eppes ganz Spezielles, dat ass e Phenomeen.“

De Roby Kieffer mam Mupp Lucie. Prett fir den Depart a Spuenien.
De Roby Kieffer mam Mupp Lucie. Prett fir den Depart a Spuenien.
© Privat

De Roby Kieffer iwwer d'Sonnendäischtert

D'Wieder muss matspillen

D'Sonn steet de Moment vun der Sonnendäischtert nëmmen e puer Grad iwwer dem Horizont. E puer Wolleken um Horizont kéinten duergoen, fir d'Sonn ze verdecken.

Déi 1.500 Kilometer mam Auto géife sech loune fir déi 90 Sekonnen Héngerhaut, esou de Roby Kieffer.

Am Auto sinn nieft Koffer, och en Teleskop a Fotoapparaten.
© Privat

De Roby Kieffer iwwer d'Preparatiounen

Virun 1,5 Joer huet d’Koppel schonn e Gite a Spuenien gebucht, do wieren d'Präisser nach ganz normal gewiescht. Si hu bewosst déi kleng Uertschaft El Poyo del Cid ausgewielt. Fir d’Sonnendäischtert ze kucken, fuere se op eng Kopp, fir aus dem Dall erauszekommen an eng méiglechst fräi Vue ze hunn.

De Roby Kieffer hëlt en Teleskop mat Sonnefilter an eng Montéierung mat, mat där hien der Sonn kann nofueren. Fir Fotoen ze maachen, gëtt ee Fotoapparat op d’Teleskop montéiert. Mat enger zweeter Kamera, déi e staarke Wäitwénkel huet, gëtt automatesch all fënnef Sekonnen eng Foto gemaach.

© Europäesch Weltraumagence

Zanter den 90er Joren eng Passioun fir d’Astronomie

D'Begeeschterung fir d'Astronomie geet op d'90er Joren zeréck. E gudde Frënd hätt hien deemools mat bei d'Amateurastronome geholl. Eng Rees a Mexiko huet de Virwëtz weider verstäerkt. Well hie schonn e begeeschterte Fotograf war, si mat der Astronomie an der Fotografie zwee Hobbyen openee getraff.

Dobäi interesséiert hie sech net fir Fotoe vu Stären oder Galaxien.

“Do loossen ech den Hubble gewäerden. Dee mécht dat vill besser.“

Säi Bléck geet éischter op dat Aussergewéinlecht: Supernovaen, Meteoritten an aner speziell Phenomeener um Himmel.

Iwwer d'Astronomie huet hien och seng Fra Karine kennegeléiert. Zanterhier deele si d'Passioun.

“Et ass ëmmer gutt, wann een den Hobby zu zwee huet.“

Total Sonnendäischterten huet de Roby Kieffer schonn an der Tierkei, Südafrika oder och 1999 zu Lëtzebuerg erlieft. Deemools war wärend dem Himmelsspektakel de Lëtzebuerger Himmel komplett bedeckt. Ma hien hat awer Chance. Mat engem Kolleeg stoung hien zu Sierk a Frankräich, e puer Kilometer hannert der Grenz.

Am Interview huet een erzielt, wéi an der leschter Minutt den Himmel opgaangen ass: “Et koum e blot Lach.“

A wann hien och dëst Joer flott Fotoe kritt, weise mer iech déi hei op rtl.lu.

Back to Top
CIM LOGO