Um Belair, zu Keel an op der A1Véier Persoune bei Accidenter blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdegowend respektiv um Freidegmoien hunn d'Ekippe vum CGDIS dräimol wéinst Accidenter op eise Stroosse mussen ausrécken.
© Laurent Weber

Géint 22:20 Auer gouf eng Persoun blesséiert, wéi um Belair en Auto accidentéiert ass. D'Stater Pompjeeën an Ambulanciere waren op der Plaz.

Ronn eng hallef Stonn drop ass dann en Auto um Keeler Potto accidentéiert. Op der Plaz waren d'Keeler Pompjeeën, grad ewéi d'Ambulanciere vu Keel an Esch, déi sech ëm zwou blesséiert Persoune gekëmmert hunn.

Géint 9:40 Auer e Freidegmoie gouf et dann ee Blesséierten, wéi en Auto op der A1 an Direktioun Tréier tëscht dem Tunnel Houwald an dem Rond-point Iergäertchen accidentéiert ass. D'Pompjeeën an d'Secouristen aus der Stad waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO