Op enger ganzer Partie Felder ass de Mais scho gehäckselt. Op anere steet en nach, mee ass deelweis mol keng zwee Meter héich. Fir vill Baueren ass d’Maisrecolte dëst Joer eng schlecht. Och de Christian Hahn, President vun der Landwirtschaftskammer, steet a sengem Maisfeld zu Rued an hält e klenge Maiskolben an d’Luucht. "Dëse Kolben huet eng Gréisst tëscht 10 a 15 Zentimeter. En huet vläicht 40 oder 50 Kären. Normalerweis huet esou e Kolbe 400 bis 500 Kären an ass duebel esou grouss", erkläert hien.
Wéi grouss de Schued ass, hänkt awer vun der Plaz of. Et géing vill dovun ofhänken, wou d’Feld läit a wéi vill Reen et ofkrut. De Christian Hahn seet, dass et op verschiddene Felder kéint méi wéi 60 Prozent manner Ertrag ginn. Eng méi kleng Maisrecolte bedeit awer och, dass de Baueren d’Fuddergrondlag fir hir Béischten am Wanter wäert feelen.
Fir dat auszegläichen, gëtt am Moment nach eng Kéier probéiert, Grasmëschungen unzeséinen. Mam aktuelle Reen hofft een, nach eng Kéier Hee kënnen anzefueren. "Et wäert awer drop erauslafen, dass een décke Pak wäert feelen", mengt de Christian Hahn. Et géing ee scho mierken, dass de Fleeschpräis ënner Drock steet, well méi geschluecht géing gi wéi normalerweis ëm dës Zäit.
D’Dréchent féiert awer net just zu enger schlechter Maisrecolte. Och den Uebst- a Geméisbauer Jean-Claude Muller muss sech dëst Joer bis elo mat enger méi klenger Recolte zefridde ginn. De President vum Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin grueft e puer Gromperen aus sengem Feld. "D’Planzen hu vill Gromperen ugesat, mee herno huet d’Waasser gefeelt, fir dass se déck ginn", betount hien. Verschiddener wieren ze kleng, fir ze verkafen.
Um Feld mat den Zalote gesäit et op den éischte Bléck gutt aus. Mee den éischte Bléck täuscht. "D’Zaloterecolte war dëst Joer ganz schwiereg. Mir haten ëmmer erëm Period, wou mir keng Zalot konnte recoltéieren", seet de Jean-Claude Muller. Emol wier se ze séier gewuess, da wier se geschoss, an da wier se nees net séier genuch gewuess. Temperaturen iwwer 35 Grad géinge Stress fir d’Planze bedeiten a féieren dozou, dass se ophalen ze wuessen. Och Bewässerung géing do just bedéngt hëllefen. Den Uebstbauer rechent dëst Joer mat 40 bis 50 Prozent manner Zaloten.
Mee net just d’Zalote si sensibel op Hëtzt, och de Kolrabi. Hei kënnt nach en anere Problem dobäi: D’Blieder si voller Lächer, well se vun Insekte gefriess goufen, déi d’Planze quasi ausgesuckelt hunn.
Souguer fir déi meescht Uebstzorte wier et an de leschte Woche vill ze waarm gewiescht, betount de Jean-Claude Muller a weist op seng Äerdbierstäck. D’Äerdbiere fir dëst Joer si gepléckt, mee si hätten extrem gelidden. Elo scho fäert hien, dass d’Planze fir d’nächst Joer Hëtzt- an Dréchteschied dovunnerdroen.
De Geméisbauer geet awer dovunner aus, dass de Ree verschidden Hierscht- a Wanterkulture wéi Kabes an Zelleri nach ka retten.
Generell kéint een awer bei verschiddene Geméiszorten, wéi zum Beispill Gromperen oder Kürbissen, soen, dass dat, wat un der Quantitéit feelt, zum Deel duerch d’Qualitéit kompenséiert kéint ginn. Dat huet zwar manner mam Portmonni vum Bauer ze dinn, mee méi mam Goût fir de Konsument.