Déi laang Dréchent an déi héich Temperaturen hunn hir Spueren hannerlooss. "Se sinn e bësse méi kleng, mee ganz gutt. Et si manner Drauwen“, erzielt d'Isabelle, déi reegelméisseg bei der Lies hëlleft. D'Hëtzt an d'Dréchent hätten d'Quantitéit reduzéiert. "Se si gutt séiss dëst Joer. Et ass wouer, datt d'Riewen d'lescht Joer méi gefëllt waren.“
Fir d'Marie Kox vum Domaine Sunnen-Hoffmann ass d'Ausmooss vun der Dréchent aussergewéinlech. Esou eng laang Drécheperiod hätt de Betrib nach net erlieft. Well kaum Waasser am Buedem disponibel war, konnten d'Riewen och manner dovunner an d'Drauwen transportéieren. D'Resultat: méi kleng a méi kompakt Drauwen. Op verschiddene Parzellen huet och Sonnebrand eng Roll gespillt.
Gläichzäiteg ass de Räifungsprozess dëst Joer méi séier gaangen. Eigentlech wollt den Domaine eréischt de 24. August mat der Lies ufänken. Wéi sech ëm den 10. awer gewisen huet, wéi séier d'Entwécklung virugeet, gouf spontan ëmgeplangt. Och aner Wënzer op der Musel hätten hir Lies schonn ugefaangen oder géifen elo nokommen.
"D'Quantitéit ass wierklech e gutt Stéck manner. Dofir ass awer d'Qualitéit wierklech gutt. Si sinn extrem konzentréiert“, erkläert d'Marie Kox. Déi fréi Lies wier wichteg, "fir net ze héijen Zockergehalt an Drauwen ze kréien an e gudden Equiliber ze behalen".
Wéini eng Parzell gelies gëtt, gëtt dobäi net nëmmen nom Gefill decidéiert. Aus de Wéngerte ginn Drauweprouwe geholl. Ronn 100 bis 150 Prouwe sollen dobäi e méiglechst representatiivt Bild vun enger Parzell ginn. Duerno kënnen d'Wäerter doheem analyséiert ginn oder d'Prouwe ginn an de Labo op Réimech geschéckt.
"Déi maachen dann eng Analys vun den Zockerwäerter, vum pH a vum Saiergehalt“, erkläert d'Marie Kox. Besonnesch fir d'Crémant-Basiswäiner ass dat entscheedend: Den Zocker soll nach relativ niddreg sinn, gläichzäiteg muss genuch Saier an der Drauf bleiwen. Bei de spéidere Wäiner kënnt nach de Goût derbäi. D'Drauwe ginn da geschmaacht, fir ze kucken, ob si och hir physiologesch Räifung erreecht hunn.
Déi fréi Recolte schéngt sech op d'mannst qualitativ auszebezuelen. Bei den éischte Crémant-Basiswäiner wier et gelongen, den Zocker niddreg an de Saiergehalt op engem gudden Niveau ze halen.
Bei der Quantitéit ass d'Bild däitlech manner positiv. Wéi grouss de Verloscht ass, variéiert vu Parzell zu Parzell. "Wa mer mam leschte Joer vergläichen, si mer deelweis tëschent 30 a 50 Prozent“, esou d'Marie Kox. Fir e Wënzer wier dat schwéier, well een dat ganzt Joer op d'Recolte hischafft. "Mee d'Qualitéit stécht wierklech eraus. An ech mengen, um Schluss kënnt et wierklech op d'Qualitéit un.“ An elo kënnt eng Situatioun, déi no dësem dréchene Summer bal paradox kléngt.
"Elo kéinte mer nach gär ee Mount méi laang op de Reen verzichten“, seet d'Marie Kox aus der Vue vum Wënzer. No der laanger Dréchent géifen d'Riewen vill Waasser séier ophuelen. "Da besteet de Risiko, datt d'Drauwen opplatzen.“ An domat géif och d'Gefor vu Fäulnis klammen. Am schlëmmste Fall misst nach méi séier gelies ginn, wéi de Wënzer et eigentlech wëll. E bësse Reen wier zwar kee Problem, grouss Quantitéiten awer schonn.