Fir en Tëschebilan ass et vläicht nach e bësse fréi. Ma mir schwätzen en Dënschdeg de Moien um Buergermeeschterdag op der Fouer mam Laurent Schwaller iwwer den éischte Weekend vum gréisste Volleksfest zu Lëtzebuerg.
Mam Fouermeeschter diskutéiere mir iwwer Nouveautéiten, d‘Sécherheet awer och d‘Präisser op der Fouer.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.