An eiser Emissioun huet de gestanene Politiker och iwwert d'Staatsfinanzen, seng Partei an d'politesch Stëmmung an Europa geschwat.
E Samschdeg war de Jean-Claude Juncker eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Et hätt ze laang gedauert, bis d’Tripartite aberuff gouf, ma et wier richteg gewiescht, net just iwwert d’Energiepräisser ze schwätzen an et wiere gutt Léisunge fonnt ginn. D’Hausse vum Mindestloun géing a sengen Aen duergoen, och wann een domat nach ëmmer net komfortabel liewe kéint.
Den Index wier eterminant fir de soziale Fridden, esou de Jean-Claude Juncker, ma a Krisenzäite misst een awer iwwert eng Deckelung schwätze kënnen. Dat wier eng Fro vu sozialer Gerechtegkeet. Leit wéi hie selwer géingen och eens ginn, wann den Index gedeckelt wier.
"Ausserhalb vun der Kris a rouegem Gewässer kann een den Index beloosse wéi en ass, mee wann et méi spatz gëtt, dann ass eng Deckelung vum Index een Element, wat ee muss a Betruecht zéien, wat d'Gewerkschaften net wëllen, wat d'Belsch elo maachen. A contrairement zu deem, wat mir mengen, ass et esou, dass d'Belsch net méi domm si wéi mir."
Hie géing sech wonneren, datt de Käschtepunkt vum Tripartitesaccord net méi Opreegung géing ausléisen.
“Ech weess, dass de Finanzminister, well ech mat deem doriwwer schwätzen, sech doriwwer echt Suerge mécht an och staark un der Konsolidéierung vun den ëffentleche Finanzen zu Lëtzebuerg interesséiert ass. Mee an der grousser Ëffentlechkeet gëtt esou ee Pak wéi déi 450 Milliounen Tripartite-Resilienzpak eigentlech net vun Opreegung begleet."
Déi grouss Steierreform, déi d'Regierung nach an dëser Legislaturperiod wëll ëmsetzen, misst kommen - d'Fro wier just, ob se net ze deier géing ginn.
"Déi Steierreform ass an hire Grondlinnen, an déi Grondlinne si ganz gutt vum Finanzminister gesi ginn, déi Grondlinnen an de Käschtepunkt vun hinnen ass entstane virun dem Krich am Iran virun deem ganzen Duercherneen, wat mer an der Welt gesinn, wat jo onerdréiglech ass a wat heiansdo degoûtant Formen unhëlt, an do muss ee sech da ganz genau froen, wéini ee wat, a wat fir een Deel vun deem grousse Steierpak a wat fir engem Joer mécht."
Senger Meenung no wieren an de leschte Joren ze vill Leit beim Staat agestallt ginn, esou de Jean-Claude Juncker. Et wier net gutt, datt am ëffentlechen Déngscht méi Plaze géinge geschat ginn, wéi am Privatsecteur.
Ugeschwat op déi rezent Ëmfrowäerter vu senger Partei sot de Jean-Claude Juncker, dat wier e Warnschoss fir d’CSV. Et léich awer och dorun, datt d’CSV de méi staarke Koalitiounspartner wier an dowéinst och anescht verantwortlech géing gemaach ginn. Eigentlech wier ni genuch "S" an der CSV, esou de fréiere Staatsminister. Den S géing net just fir Sozialpolitik, mee fir Gesellschaftspolitik stoen. Dofir wier hien als Aarbechtsminister – iwweregens dat Mandat, vun deem de Jean-Claude Juncker haut seet, dass en am Léifsten hat a senger Karriär – och ëmmer e Géigner vun enger iwwerméisseger Flexibiliséierung vum Aarbechtsrecht gewiescht.
"Déi Virstellung, déi och laang Zäit Politik an Europa gepräägt huet, dass een de schaffende Leit ëmmer méi Rechter misst ewechhuelen, fir dass et der Wirtschaft an domat och de klenge Leit géif besser goen, ass eng Theorie, där ech ni nogaange sinn."
D'Flexibiliséierung vum Aarbechtsrecht war ee grousse Sträitpunkt tëschent der Regierung an de Gewerkschaften an de leschte Méint, op den Detail dovunner ass de fréiere Premier awer net agaangen.
D'Viraussetzung dofir, dass d'Europäesch Unioun méi weltpolitik-fäeg kéint ginn, wier den Unamitiéitsprinzipp besonnesch an aussepolitesche Froen ofzeschafen. D'Militärausgaben misste klammen, dat wier fir hie kloer, ma de Jean-Claude Juncker stéiert sech awer un der Aart a Weis, wéi an Europa an och zu Lëtzebuerg doriwwer geschwat gëtt.
"Ech war fréier, souguer als Staatssekretär, an der Friddensbeweegung zu Lëtzebuerg. An ech hat deen Discours, dee mer deemools gefouert hunn, léiwer wéi deen, deen elo gefouert gëtt. Wann ech zesumme rechnen, d'Tripartite, d'Steierreform, massiv Ausgaben an der Verteidegung zu Lëtzebuerg. Milliarden! Virun allem an der Verteidegung. An déi Selbstverständlechkeet, mat där iwwert d'Erhéijung vun de Verteidegungsaufgaben zu Lëtzebuerg diskutéiert gëtt, et ass iergendeppes an där Ried, dat mech stéiert."
Als Vermëttler fir e Fridden am Ukrainkrich, esou wéi den Ausseminister Xavier Bettel dat proposéiert hat, gesäit de fréieren EU-Kommissär sech iwwerdeems net, esou de Jean-Claude Juncker.
"Mir soen zwou Saachen als Europäer. Dass mer d'Ukrain net eleng loossen, dass d'Ukrain keen Territoire däerf oftrieden, a mir streiden driwwer, ob d'Ukrain soll kuerzfristeg Member vun der Europäescher Unioun ginn. Wie wëlle mer da mat esou engem Duercherneen als Vermëttler iwwerzeegen? Wat hunn e mer dann unzebidden an der Vermëttlung? An dofir hunn ech fir mech decidéiert, an och ville Leit, déi änlech Iddien haten, wéi de Xavier Bettel, erkläert, et wier un deenen, déi d Verantwortung droen, d'Verantwortung ze iwwerhuelen an net op al Pätteren ze setzen."
Och wann ee sech um Punkt vum EU-Bäitrëtt eens géing ginn, léich et net "am Spektrum vu [s]engen Ambitiounen" dat ze maachen, esou de fréieren EU-Kommissiounspresident.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.