"GEO"-RankingEsch-Sauer ënnert den 20 schéinsten Dierfer an Europa

RTL Lëtzebuerg
Dem däitsche Wëssensmagasinn "GEO" no zielt Esch-Sauer zu deenen 20 schéinsten Dierfer an Europa.

Den däitsche Portal a Wëssensmagasinn "GEO" huet am Juli 2023* eng Ranglëscht mat den 20 schéinsten Dierfer an Europa erausginn. Dorënner ass mat Esch-Sauer och eng Uertschaft aus dem Grand-Duché ze fannen.

Beschriwwe gëtt d'Plaz als "typischer Ardenner Burgflecken", wou den Duerfkär ënnert der eelster Buerg vu Lëtzebuerg läit. Zanter dem Mëttelalter hätte sech d'Gaasse quasi net verännert a lueden dowéinst an eng "Zäitrees" an.

D'Iddi vun dësem Ranking ass et, de Leit nieft de bekannten a groussen Touristendestinatiounen och mol manner bekannt, awer op d'mannst genee sou schéi Plazen ze presentéieren. Nieft Esch-Sauer si beispillsweis och d'Dierfer Crupet aus der Belsch, Lehde aus Däitschland, Winsum aus Holland oder Wengen aus der Schwäiz am Ranking ze fannen.

Déi ganz Lëscht mat allen 20 Dierfer fannt Dir um Site vu GEO.

*An enger éischter Versioun vum Artikel war net preziséiert, dass de Ranking vu "GEO" schonn am Juli 2023 gemaach gouf. Esch-Sauer gëllt awer weiderhin als eent vun de schéinsten Dierfer an Europa.

Back to Top
CIM LOGO