NeapelPolice geet géint d'Reservéiere vu Plazen op der Plage an der Nuecht vir

RTL Lëtzebuerg
An der Küstestad Torre del Greco hunn d'Autoritéiten an de fréie Moiesstonnen eng Aktioun géint Leit duerchgefouert, déi Sonneprabbelien a Ligestill schonn iwwer Nuecht reservéieren.
© TIZIANA FABI/AFP

Dobäi goufen ongeféier 40 Géigestänn saiséiert. Dës Praxis ass an Italien verbueden, well ëffentlech Plagë fir jidderee fräi zougänglech musse bleiwen. Wie seng Saachen nom Sonnenënnergang leie léisst, riskéiert eng Geldstrof vu bis zu 500 Euro.

Änlech Kontrolle goufen an de leschte Wochen och op Plagen an de Regioune Puglia, Ligurien a Sardinien duerchgefouert. D'Autoritéite wëllen domat verhënneren, datt Plazen op der Plage onrechtméisseg reservéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO