Bis den 21. September kann een ofstëmmenDéi méiglech Motiver fir déi nei Euroschäiner op ee Bléck

David Winter
D'Euroschäiner kréien en neien Design. Och fir de Kierchbierg, op deem vill europäesch Institutiounen ze fanne sinn, ass eng Plaz op engem Schäin drop.

Bis den 21. September kann een nach online iwwer 10 Propose fir den Design vun den nächsten Euroschäiner ofstëmmen. Niewent de Votte vun de Leit dobaussen, huet och nach eng Jury e Wuert matzeschwätzen. Ënnert anerem soll séchergestallt ginn, dass den Design um Enn och technesch ëmsetzbar ass.

Hei déi potentiell Entwërf, fir déi nei Euroschäiner op ee Bléck:

Dat Ganzt brauch allerdéngs seng Zäit an déi aktuell Schäiner wäerten eis nach eng Zäit erhale bleiwen. Et wäert nämlech bis Enn vun den 2020er Joren daueren, bis déi nei Schäiner an de Portmonni vun den EU-Biergerinnen a Bierger kënne kommen. Virdru musse se nach am Detail entwéckelt a getest ginn.

Back to Top
CIM LOGO