Dëse Freideg viru 25 JoerWéi "9/11" d‘Welt fir ëmmer verännert huet

Pierre Jans
No den Terrorattacken op de World Trade Center zu New York war d‘Welt eng aner.
Viru 25 Joer kuerz virun, datt den 1. Tuerm an de Koup fält.
Viru 25 Joer, ier datt den 1. Tuerm an de Koup fält.
© HENNY RAY ABRAMS/AFP

Um Freideg sinn et 25 Joer hier, dass fir d‘éischt noeneen zwee Fligeren an d‘Twin Towers geflu sinn, ier en drëtten zu Washington an de Pentagon geflu war. Eng véiert Maschinn mat Terroristen war erofgefall.

2.977 Leit si bei den Uschléi vum 11. September ëm d‘Liewe komm. U si gëtt geduecht bei der offizieller Kommemoratiounszeromonie um Ground Zero.

"9/11": En däischteren Dag an der Geschicht vun den USA, deen d‘Welt verännert huet

Et si Biller, déi engem am Kapp bleiwen. Wie weess net, wou en den 11. September 2001 war, wou en d‘Nouvelle vun de Fligeren matkrut, déi an de World Trade Center gerannt waren.

Kuerz no 9 Auer Moies Lokalzäit, eng gutt Véierelstonn nom éischten Crash, knallt en zweete Fliger an de südlechen Tuerm. En Accident ass elo ausgeschloss, Amerika gëtt attackéiert. Den deemolegen US-President George W. Bush probéiert, d‘Fassung net ze verléieren, virun enger Schoulklass a Florida, gëtt hie vu sengem Conseiller iwwer den zweete Fliger informéiert.

Et ass eng Terrorserie, wéi d‘Welt se nach net gesinn hat. D‘Täter haten e weidere Fliger entfouert. De Pentagon zu Washington war dat drëtt Zil. De Capitol oder d‘Wäisst Haus ginn net getraff, couragéiert Passagéier um Vol United Airlines 93 hate sech géint d‘Terroriste gewiert. D‘Maschinn ass iwwer engem Feld am Bundesstaat Pennsylvania erofgefall.

New York a virun allem d‘Leit an d‘Rettungsequippen an an ënnert den Tierm erliewen en Horrorzenario. Géint 10 Auer moies Lokalzäit fält de Südtuerm an e Koup. Kuerz drop brécht och den zweeten Tuerm zesummen. 2.977 Leit verléieren deen Dag hiert Liewen.

Iwwerall an der Welt kucken d'Mënschen op dës Biller a si just nach schockéiert
Iwwerall an der Welt kucken d'Mënschen op dës Biller a si just nach schockéiert
© GREG WOOD/AFP

Aus Terror gëtt Krich

No viregten bluddegen Attacken aus hire Reien war d‘Terrororganisatioun Al-Qaida séier am Verdacht, och hannert 9/11 ze stoen. Den deemolegen US-President warnt d‘Bierger virun engem Feind, deen d‘Land esou nach net gesinn huet. E Feind, dee sech verstoppt. Den Osama Bin Laden. D‘Taliban bidden dem Al-Qaidi-Chef Schutz am Afghanistan. De 7. Oktober, nëmmen 26 Deeg no 9/11, starten d‘USA a Groussbritannien hir Missioun do.

D‘Geschicht vum Krich géint den Terror kritt mam Irak-Krich 2003 e weidert héich ëmstriddent Kapitel vun 8 Joer, dat bis haut vill Froen opwërft.

2011 eréischt – also 10 Joer no den Attentater vum 11. September war den Haaptschëllegen am Pakistan doutgemaach ginn. Den deemolegen US-President Barack Obama hat d‘Nouvelle der ganzer Welt live op der Tëlee matgedeelt.

De Krich am Afghanistan war net eriwwer, well e war antëscht vill méi ewéi d‘Revanche fir 9/11. D‘USA hu probéiert, en neit Afghanistan nom westleche Modell opzebauen. Ma d‘Taliban waren net kleng ze kréien an de Krich net op en Enn ze bréngen.

No 20 Joer "War on Terror" – fir deen eng 3.600 US- respektiv Alliéiert Zaldoten hiert Liewe gelooss hunn, war et de chaotesche Réckzuch vun den Alliéierten aus Afghanistan.

Loftopnam vum Ground Zero zu New York den 14. September 2001, dräi Deeg no den Terrorattacken op de World Trade Center.
Loftopnam vum Ground Zero zu New York den 14. September 2001, dräi Deeg no den Terrorattacken op de World Trade Center.
© -/AFP

War et dat alles derwäert?

Bis haut déi zentral Fro.

An de Joren nom 11. September 2001 goufen d‘USA mam "Patriot Act" e Sécherheetsstaat – individuell Fräiheeten an d‘Immigratioun goufen ageschränkt. D‘Fluchreese si weltwäit méi sécher, awer mat neie Security-Standarden och méi komplizéiert ginn. Eng nei Islamfeindlechkeet ass gewuess. Ëmgedréint och de radikalen Islamismus am Noen Osten inklusiv neie modernen Terrororganisatiounen ... d‘Lëscht vun de Konsequenzen ass laang.

Den Inferno vun 9/11 huet déi globaliséiert fräi Welt viru 25 Joer fir ëmmer verännert.

Wat soen d'Leit haut?

Mir hunn d'Leit gefrot, wat si mam 11. September 2001 verbannen.
Hei ass e Mikro-Trottoir iwwer d'Attentater zu New York.

Wat sot Dir?

Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, läit dat warscheinlech dorunner, datt Dir d'Cookies net acceptéiert hutt.

Back to Top
CIM LOGO