Kanton GraubündenOnbekannt Zuel Doudeger bei Busaccident an der Schwäiz

RTL mat AFP
Tëscht den Uertschafte Susch an Zernez si bei engem schwéiere Busaccident eng Rei Leit ëm d'Liewe komm. 48 Persoune waren u Bord vum Bus, deen aus Holland koum.
An der Schwäiz ass et zu engem schwéieren Accident mat engem Bus komm
An der Schwäiz ass et zu engem schwéieren Accident mat engem Bus komm
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

D'Kantonspolizei Graubünden huet en Donneschden den Owend matgedeelt, dass bei engem Accident, an deen e Reesbus verwéckelt war, eng onbekannt Zuel u Leit gestuerwe wieren. Donieft wieren eng Rei Persoune blesséiert ginn.

Am Kanton Graubünden wier et tëscht den Uertschafte Susch an Zernez zum Accident komm. Der Schwäizer Press no géing et sech ëm e Bus aus Holland handelen, deen am Gruef nieft der Strooss läit. D'Federatioun vun der hollännescher Rees Branche huet dat entretemps confirméiert an et wieren 48 Persounen u Bord gewiescht.

Op der Plaz sinn e sëllege Secouristen a Rettungsdéngschter am Asaz, wärend iwwert der Plaz vum Ongléck Helikoptere fléien. Et wier een donieft am enke Kontakt mat der Busentreprise an et géing ee versichen, d'Famille vun den Touristen ze kontaktéieren. E Freideg wëllt den Direkter vun der Bus-Firma op d'Onglécksplaz fueren.

Back to Top
CIM LOGO